
Géint 17.33 en Donneschdeg den Owend hate sech um CR159 tëscht dem Scheedhaff a Sandweiler 2 Autoen e pake kritt. D’Ambulanz aus der Stad an d’Secouriste vu Sandweiler waren op der Plaz, fir sech ëm eng blesséiert Persoun ze këmmeren.
Kuerz no 1 Auer e Freideg de Moien hat sech op der A13 tëscht Diddeleng a Keel en Auto iwwerschloen. Och hei gouf eng Persoun blesséiert. D’Ambulanz vun Diddeleng an d’Secouriste vun Diddeleng an Esch waren op der Plaz.