
D’Secouriste vu Kielen, aus der Stad a vu Suessem-Déifferdeng waren op der Plaz. De Bilan sinn zwee Blesséierter.
Bei Eppelborn hei vir am Saarland war e Sonndeg am fréien Owend de Rettungshelikopter vun der Air Rescue gefuerdert. E Motorradschauffeur war op enger Landstrooss gefall an an e Stroummast gerannt. De schwéierblesséierte Mann koum mam Helikopter op Saarbrécken an eng Klinik.