PoliceAuto op der Kopp zu Uewerkuer, alkoholiséiert hannert dem Steier op der A13

RTL Lëtzebuerg
E Freideg géint 15.50 Auer koum et zu Uewerkuer an der Bielesser Strooss zu engem uergen Accident mat engem Blesséierten.
© Laurent Weber / RTL Archivbild

Dat geet aus dem Policebulletin vun e Sonndeg ervir. Wéi et heescht, hätt en Automobilist aus ongekläerter Ursaach d’Kontroll iwwert säi Gefier verluer. Hie krut fir d’éischt e Potto ze paken an ass duerno an d’Fassade vun engem Haus gerannt. Den Auto huet sech dobäi iwwerschloen.

De Chauffer gouf ageklemmt a huet “méi oder manner schwéier verletzt” misse vun de Rettungsekippe aus dem Auto befreit ginn. Hie koum dono mat enger Ambulanz an d’Spidol.

Alkoholiséierte Chauffer

En Zeien hat der Police géint 2.45 Auer an der Nuecht op e Sonndeg en Auto gemellt, deen am Zickzack op der A13 Héicht Éilereng, Suessem ënnerwee wier. Eng Patrull konnt den Automobilist stoppen an aus dem Verkéier zéien. Et huet sech erausgestallt, dass hien ze déif an d’Glas gekuckt hat. Hie war de Permis nach op der Plaz lass.

Back to Top
CIM LOGO