3 BlesséierterAuto op der Saarautobunn op d'Kopp gaangen

RTL Lëtzebuerg
Dem CGDIS no war et géint 17.20 Auer e Freideg op der A13 zu dësem Accident komm.
© Laurent Weber / RTL

A Richtung Schenge war een Auto op d’Kopp gaangen. 3 Persoune goufe blesséiert. Op der Plaz waren d’Rettungsekippe vun Déifferdeng an Esch.

Géint 18.23 gouf et och op der A13 a Richtung Schengen eng Dampentwécklung an engem Camion. Hei ass keng Persoun zu Schued komm.

Een Tëschefall mat enger elektrescher Këscht gouf et dann nach zu Munneref an der Avenue Frantz Clement. Hei gouf eng Persoun blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO