Accidenter um SonndegAuto rennt a Bëtongsbléck an hëlt Stroosseluucht mat ewech

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Sonndeg koum et an der Diddenuewener Strooss an der Stad zu engem Accident. En Auto hat sech um Chantier vum Pont Büchler iwwerschloen.
Police 2017
Police 2017
© Police 2017

Een Automobilist hat hei géint 00.45 Auer d'Kontroll iwwert säi Gefier verluer, war mat grousser Wucht an e puer Bëtongsbléck gerannt. Den Auto gouf nach e puer Meter weider geschleidert, huet dobäi eng Stroosseluucht mat ewech geholl an ass dunn um Dag leie bliwwen. Um Auto ass héije Materialschued entstanen, de Chauffeur hat Gléck, gouf nëmme liicht blesséiert an ass fir eng Kontroll an d'Spidol komm. Den Alkoholtest beim Chauffeur war positiv. Eng Ambulanz, d'Rettungsdéngschter aus der Stad a vun Hesper an d'Police waren op der Plaz.

Dann huet d'Police nach eng Partie aner Automobilisten, déi ze vill gedronk haten, erwëscht. Zu Nidderkäerjeng war ee Chauffeur ze séier an am Zick-Zack ënnerwee. Den Alkoholtest war positiv. Den Auto gouf dowéinst immobiliséiert, de Permis agezunn an ee Protokoll gouf geschriwwen.

Och zu Esch war een Automobilist mat ze héijer Vitesse erwëscht ginn. De Chauffeur hat vill ze vill gedronk an hat och keng Pabeiere fir säi Gefier. Och hei war de Führerschäin fort, den Auto gouf immobiliséiert an e Protokoll geschriwwen.

Zu Déifferdeng gouf e Sonndeg dann nach kuerz no Hallefnuecht een alkoholiséierte Chauffeur mat engem Fuerverbuet erwëscht. Op Uerder vum Parquet gouf den Auto confisquéiert.

E Samschdeg den Owend um 22.45 Auer waren dann nach an der Diddenuewener Strooss zu Hesper zwee Autoen anenee gerannt. Eng Persoun ass blesséiert ginn, d'Ambulanz aus der Stad an d'Police waren op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO