
Wéi de CGDIS mellt, ass de Won engem Camion hannendra gerannt. Den Auto ass vu vir bis bei d'B-Sail komplett agedréckt ginn.
Eng Persoun gouf blesséiert.
Op der Plaz waren d'Pompjeeën aus der Stad a vun Nidderaanwen, d'Ambulanz aus der Stad an de SAMU Centre.

Wéi aus dem CGDIS-Bulletin ervirgeet, goufen e Freideg de Moien 2 Foussgänger ugestouss a blesséiert. Géint 8.10 Auer war dat zu Käerjeng an der Avenue de Luxembourg an um 9.50 Auer zu Féiz an der Brillstrooss.