
E Grupp vu Liwweranten huet en Freideg de Mëtteg eng spontan Streikaktioun géint d'Plattform Wolt lancéiert. Wéi RTL confirméiert krut, sinn 160 Liwweranten an engem Whatsappgrupp mam Numm "Manifestation contre wolt".
Verschidde Liwwerunge mat Wolt schéngen deemno um Freideg däitlech méi laang ze daueren ewéi am Normalfall. Verschidde Liwwerunge kéinten och ganz annuléiert ginn, sou e Liwwerant vis-à-vis vun RTL.
Dësen huet weider erkläert, d'Aktioun wier dorobber zeréckzeféieren, datt d'Plattform op en Neits d'Tariffer fir d'Liwweranten erofgesat hätt.
Ee Message vun der Wolt-Direktioun un e puer Liwweranten hätt iwwerdeems Dialogbereetschaft gewisen. D'Direktioun géing och proposéieren, mat e puer Vertrieder iwwer d'Ännerungen un den Tariffer ze schwätzen, well et géing een d'Suergen eescht huelen.
Allerdéngs goufen an engem Fastfood-Restaurant an der Stad Wolt-Liwwerante gesinn, déi näischt vun der Aktioun woussten. Och de Gerant vun dësem Restaurant sot, et wieren nach keng Commandë vu Liwwerante refuséiert ginn.
D'Liwweranten, déi dacks onofhängeg sinn oder heiansdo e Kontrakt hunn, liwweren deels mat anere Plattforme weider.
D'Zuel u Liwweranten, déi fir Wolt schaffen, ass net bekannt.
Op Nofro huet e Spriecher vu Wolt confirméiert, datt d'Firma am direkte Kontakt mat de betraffene Liwwerante wier an dës och schonn op e Gespréich invitéiert hätt. Feedback vun de Liwwerante géing eescht geholl ginn an et wéilt een hir Suergen duerfir och besser verstoen, heescht et weider.
Wolt gëtt och weider Explikatiounen zu den Tariffer an ënnersträicht, datt sech d'Verdéngschter vu Woch zu Woch dynamesch mat enger Rei vu Facteure géingen änneren, ënnert anerem baséierend op Offer, Demande oder och nach dem Wieder.
Trotz Streik géing sech d'Firma awer keng gréisser Stéierungen am Betrib erwaarden.
Als Reaktioun op de Streik fuerderen déi Lénk an engem Communiqué e Gesetz fir Liwwerplattformen. De Boykott géif kloer weisen, datt et héich Zäit wier, d'Aarbechter gesetzlech ze protegéieren an opgehale gëtt se auszebeuten.
Déi Lénk betounen an hirem Schreiwes, datt d'Plattformen dacks op vulnerabel Leit zréckgräifen, déi keen Aarbechtskontrakt kréien an net ofgeséchert sinn am Fall vun engem Accident oder Krankheet. D'Partei erënnert drun, datt si eng Gesetzespropos an der Chamber deposéiert hunn, déi kollektiv Rechter fir d'Livreure géif schafen.