
De Chauffer, deen op de Boulevard Jean Ulveling wollt ofbéien, hat net gesinn, datt hien d'Virfaart misst oftrieden an huet doduerch de Beamten d'Virfaart geholl an ass an de Policewon gerannt. Am éischten Auto waren dräi Persounen, déi net blesséiert goufen, déi zwee Polizisten dogéint koume mat liichte Blessuren a fir eng Kontroll an d'Spidol.
Da mellt d'Police nach, dat een zu Bartreng an engem Akafszentrum Leit, déi do geklaut hunn, verhafte konnt. Bei engem Mann gouf eng Spillkonsol mat Spiller am Wäert vun 240 Euro fonnt, donieft konnte weider Saachen a sengem Auto séchergestallt ginn. Nieft him goufen nach dräi aner Verdächteger ugetraff. 2 vun de Männer huet de Parquet verhafte gelooss a si koume schonn um Sonndeg virun den Untersuchungsriichter.