Accident tëscht Leideleng an der Cloche d'OrAutomobilist huet sech mat sengem Auto iwwerschloen

RTL Lëtzebuerg
Zu engem méi uergen Accident war et um Freidegowend tëschent Leideleng an der Cloche d‘Or komm.
© CIS Leideleng

Aus bis ewell net gekläerte Grënn war en Automobilist vun der Strooss ofkomm, widder e Bam gerannt an ass schlussendlech am Summerwee um Daach leie bliwwen.

Well de Mann am Ufank net uspriechbar war, hu Passante richteg iwwerluecht an hie scho virum Antreffe vun de Pompjeeën aus sengem Auto gezunn. D‘Pompjeeë konnten de Mann doropshi stabiliséieren, ier hie mat enger Ambulanz an d'Spidol komm ass. Den Alkoholtest war positiv.

De Schock vum Accident war esou staark, datt duerch den Opprall e Bam gebrach ass, dësen huet du misse mat der Motorsee kleng gemaach a vun der Strooss geraumt ginn. Fir d‘Dauer vun de Rettungs- an Opraumaarbechte war d‘N4 tëschent Leideleng an der Cloche d‘Or gespaart.

Am Asaz waren d‘Pompjeeë vu Leideleng an aus der Stad Lëtzebuerg an d‘Police.

Da mellt den 112 fir e Samschdeg de Mëtteg eng ganz Rei Virfäll. Géint 11.30 Auer huet et bei Huldang gerabbelt. Zwee Autoe sinn do aneneegerannt. Eng Persoun gouf verwonnt. Zu Bieles an der Rue de l'Usine gouf e Cyclist vun engem Auto ugestouss an dobäi verwonnt.

Dann huet et op dräi Plaze gebrannt. Um Boulevard Pierre Frieden um Kierchbierg huet géint 11 Auer Dreck gebrannt. Zu Kanech an der Rue de l'Eglise gouf et an der Mëttesstonn e Feier an engem Container an zu Stengefort an der Käercher Strooss huet et an engem Gaardeschapp gebrannt.

Back to Top
CIM LOGO