
Hien hat 71 km amplaz vu 50 drop, wollt sech awer net vun der Police unhale loossen. Dofir huet en Automobilist zu Éiter Gas ginn, fir fortzekommen. Um Enn vum Duerf ass hien a Richtung Bous ofgebéit, dat awer iwwert de Vëloswee. De Chauffer huet sech bei senger Flucht net ophale gelooss an och en Jogger, deen um Vëloswee ënnerwee war, huet virum séieren Auto missten aus de Wee sprangen. Wéi hien dunn op der N28 erauskoum, ass de Mann, ouni stoen ze bleiwen, einfach op d'N28 ofgebéit, wou kuerz no 18 Auer vill Trafic ass.
D'Police konnt den Automobilist dunn an engem Feldwee bei Mutfert stoppen. Et huet sech erausgestallt, datt de Won net richteg ugemellt war an d'Gefier net verséchert war. De Parquet huet de Won saiséieren an de Mann protokolléiere gelooss.