Accident zu MiedernachAutomobilist iwwersäit Vëlo beim Ofbéien

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg de Mëtteg um 14.30 Auer gouf et zu Miedernach een Accident tëscht engem Auto an engem Vëlo. De Vëlosfuerer gouf blesséiert.
© CIS Fiels

Den Automobilist hat beim Ofbéien ee Cyclist iwwersinn, wouduerch et zur Kollisioun komm war. De Cyclist gouf beim Accident blesséiert.

Op der Plaz waren den CIS aus der Fiels mat enger Ambulanz, de Sauvetage an d'Pompjeeën aus der Gemeng Ärenzdall an de Chef Peloton vun der Garde.

© CIS Fiels

Back to Top
CIM LOGO