Am NationalenAutomobilist krut Wëllschwäin ze paken an ee Motocyclist gefall

RTL Lëtzebuerg
Wéi den 112 mellt, koum et uechtert d'Land zu e puer Tëschefäll op eise Stroossen.
© RTL Archivbild

Ee liicht Blesséierte gouf et e Sonndeg den Owend géint 21.30 Auer tëscht Betzder an Ouljen. Een Automobilist hat hei ee Wëllschwäin ze pake krut.

Liicht blesséiert gouf och ee Motocyclist an der Nuecht op e Méindeg géint 4 Auer tëscht Sprénkeng a Schuller. Hie war mat senger Maschinn gefall.

Géint 8.30 koum et zu Gaasperech an der Rue Gluck zu engem Verkéiersaccident. 1 Persoun gouf hei verwonnt.

Zu Hollerech an der Rue de la Semois gouf et um Méindeg de Moien e weideren Accident, och hei ass de Bilan 1 Blesséierten.

Back to Top
CIM LOGO