
Wéi CIS-Larochette matdeelt, koum et e Sonndeg de Mëtteg um 13.50 Auer zu engem Accident am Ausgang vun der Fiels, méi genee an der Rue de Medernach. Eng Automobilistin war hei mat hirem Gefier aus bis ewell onbekannte Grënn an eng Mauer vun enger Bréck gerannt an ass kuerz drop queesch an der Strooss un d'Hale komm.

D'Rettungsekipp aus der Fiels deelt mat, dass d'Fra an e klénge Puppelchen am Auto vill Chance haten a just fir eng Kontroll an d'Spidol komm sinn.
Op der Plaz waren den CIS-Larochette mat enger Ambulanz an dem Sauvetage, wéi och d'Pompjeeë vu Miedernach.