
Am Zesummenhang mat der "Malt Affär" wiere Fonge vun der Piratepartei blockéiert ginn, déi iwwert de Montant erausginn, deen de Rechnungshaff a sengem neie Rapport vun e Méindeg gefrot huet. Dat schreift d'Piratepartei en Dënschdeg an engem Communiqué. De Rechnungshaff ass zur Conclusioun komm, datt d'Piratepartei de Projet "Malt" fir eng Sproochenapp fir den Office National de l’Accueil am Joer 2016 net hätt sollen accordéiert kréien. Vun 160.000 Euro, déi d'Piratepartei vum Staat a vun der EU krut, misst se der 76.000 zeréckbezuelen.
De Co-President vun de Piraten, de Ben Lomel, sot op Nofro hin, datt d'Piratepartei elo keng Suen zeréckfreet, mee op eng definitiv Decisioun, respektiv en Urteel waart. Effektiv befaasst sech och den europäesche Parquet mat der Affär.
D'Pirate géingen op der ganzer Linn wëlle kooperéieren, heescht et weider. Si weisen och drop hin, datt de Rechnungshaff Prozedur- a Rechefeeler beim ONA festgehalen huet.
An hirem Schreiwes behält sech d'Partei och d'Recht vir, vun den deemolege Parteiresponsabele Suen zeréckzefroen. D'Parteileedung wier ganz erneiert ginn an net verantwortlech, mee géing alles maachen, fir alles riichtzebéien.
D'Malt-Affär hat e groussen interne Sträit an der Partei provozéiert – och tëscht den elo nach zwee Deputéierte Sven Clement a Marc Goergen. Nieft hirem deemools drëtten Deputéierte Ben Polidori haten eng ganz Rei Memberen der Partei de Réck gedréint.
Och fir d’Finanzkontroll-Kommissioun vun der Chamber ass et un der Justiz, elo ze determinéieren, ewéi vill Suen d’Piraten um Enn mussen zeréckginn, esou hire President, den LSAP-Députéierten Dan Biancalana. Fir d’Chamber wier d’Haaptmoral vun der Geschicht, datt beim Ëmgank mat Subsiden nach Schwaachstelle bei den Administratioune waren oder sinn. Se wäert elo en eegene Rapport maachen, wou notamment d’Recommandatioune vum Rechnungshaff un d’Ministèren an un d’Verwaltunge wäerten ausgesprach ginn.
Den Dan Biancalana huet dann nach drop higewisen, datt an der Suite vun der Malt-Affär d’Parteifinanzéierungsgesetz ofgeännert ginn ass a Parteien elo och net méi bei esou Ausschreiwungen Offeren dierfe maachen.
Wéini dann d’europäesch Justiz e Prozess mécht oder eng Decisioun hëlt, ass net gewosst. Den europäesche Parquet huet ons nach net geäntwert.