Handling vum CargozenterBackes reagéiert op Kritik: "Gewerkschafte goufe schonn e Freideg informéiert"

RTL Lëtzebuerg
Obwuel um Findel d'Decisioun gefall ass, wien den Handling vum Cargozenter iwwerhëlt, annoncéiert sech am Secteur e gréisse Sozial-Konflikt.
© RTL Archiv

Mataarbechter vum Cargozenter brauche kloer Äntwerten op hir Suergen

Um Findel ass d‘Decisioun gefall, wien déi nächst Joren den Handling vum Cargozenter um Findel iwwerhëlt. Déi zwou Lizenze ginn un Luxcargo Handling, déi nei Duechterfirma vun der Cargolux an Goldair Handling, eng griichesch Handling-Firma. Dat deelt de Mobilitéitsministere en Dënschdeg den Owend mat.
D’Kontrakter vun de ronn 1.200 Mataarbechter vu Luxair Cargo, déi den Handling bis ewell assuréiert hunn, sollen alleguer vu Luxcargo iwwerholl ginn.

Trotzdeem annoncéiert sech am Secteur e gréissere Sozial-Konflikt, sou heescht et an engem gemeinsame Schreiwes vun de concernéierte Gewerkschaften OGBL, LCGB an NGL-Snep. D’Situatioun fir dat concernéiert Personal wier net méi ze erdroen, well si nach ëmmer net wéissten, wéi et konkret fir si am neie Joer weider geet. Et hätt ee schonn X mol gefrot, fir sech mat der neier Ministesch ze gesinn, mä bis ewell wier een net gehéiert ginn.

“Eng Sauerei! Eng Schan!”

Sou huet den LCGB-Vertrieder Paul de Araujo e Mëttwoch am Moiesjournal d’Situatioun fir d’Personal vum Cargozenter um Findel genannt.

LCGB-Vertrieder Paul de Araujo zu Personal-Situatioun vum Cargozenter

D’Lizenze fir de Cargo-Handling wieren elo verdeelt. Ma, déi ronn 1.200 concernéiert Salariée wéissten awer nach ëmmer net, wéi et genee fir si weidergeet, zum Beispill, wat eng Garantie d’Emploi oder d’Aarbechtskonditiounen ugeet.

Als Haaptaktionär vu Luxair a Cargolux misst de Staat awer alles maachen, fir datt déi sozial Acquise vun de Salariéen erhale bleiwen. D’Mobilitéitsministesch Backes wier elo gefuerdert.

“Gewerkschafte goufe scho leschte Freideg informéiert”, esou Mobilitéitsministere

Si hätt d’Gewerkschaften schonn de leschte Freiden informéiert, datt si des Woch d’Decisioun iwwert d’Lizenze fir de Cargo-Handling um Findel géing huelen, esou d‘Mobilitéitsministesch Yuriko Backes e Mëttwoch den Owend als Reaktioun op de Reproche vun de Gewerkschaften, si géif sech net dorëms këmmeren, dass déi 1.200 concernéiert Salariéë Kloerheet iwwer hir Zukunft hunn.

Donieft hätt si de Gewerkschaften och matgedeelt, datt si des Woch d‘Direktioune vu Cargolux a Luxair begéint an hinne selwer eng Entrevue fir Enn dëser oder Ufank nächster Woch proposéiert. Si géif de Gewerkschaftsvertrieder elo nach emol déi nämmlecht Propos maachen.

Weider erkläert d’Mobilitéitsministesch, si hätt déi am Gesetz virgesinnen Avisen, fir d’Decisioun ze huelen eréischt de 16. November kritt, den Dag vun der Vereedegung, an zanterhier zwee Deplacementer an d’Ausland gehat. D’Gewerkschaften haten hir reprochéiert, d‘Affär onnéideg laang schleefe gelooss ze hunn.

RTL-News: Zwou Lizenze verginn: D’Decisioun doriwwer, wien den Handling vum Cargozenter iwwerhëlt

Back to Top
CIM LOGO