Eis Baueren, no bei eis!Bäihëllefen

RTL Lëtzebuerg
D’Ënnerstëtzung vun der Landwiertschaft, dem Wäibau an dem ländleche Raum, ass e wichtegt Instrument vun der europäescher a lëtzebuergescher Politik.

Déi sëlleche Leeschtungen vun de Baueren, de Wënzer an aneren Acteure, wéi z.B. Gemenge mat klengen a mëttelgrousse Betriber, si fir d’Gesellschaft a fir d’sozioekonomesch Entwéckelung vun eise ländleche Regiounen onverzichtbar.

Dofir gëllen eng ganz Partie Direkt- an Ausgläichsbäihëllefen, souwéi och eng sëlleche Programmer fir de Sekteur ze ënnerstëtzen. Hei fannt Dir eng Oplëschtung vun nëmmen e puer vun dësen Ënnerstëtzungen.

Direktausgläichsbäihëllefen

  • Basisprime

D’Zil vun dëser Bäihëllef ass eng Akommenshëllef.
Weider Informatiounen

  • Greeningprime

Eng Ënnerstëtzung fir d’Verbesserung vun der Ëmweltleeschtung duerch Landwiertschaftsmethoden déi de Klima- an den Ëmweltschutz fuerderen.
Weider Informatiounen

  • Prime fir jonk Baueren

Dës Prime gëllt fir jonk Baueren déi e Betrib iwwerhuelen.
Weider Infromatiounen

  • Leguminoseprime

Déi Betriber déi Leguminosen (Ierbessen, Ackerbounen, Kléi, Lënsen...) ubauen an esou fir den Erhalt vun dëser Produktioun bäidroen, kënne vun dëser Prime profitéieren.
Weider Informatiounen

Ausläichsbäihëllefen

  • Ausgläichshëllef fir Betriber déi a benodeelegte Gebidder produzéieren.

Déi Betriber déi aus naturbedéngten oder aner spezifesche Grënn duerch hir Produktioun an dëse benodeelegte Gebidder produzéieren, hu Rescht op dës Prime.
Weider Informatiounen

  • Waasserschutzentschiedegung

Entschiedegunge ginn et hei am Fall wou Betriber an Drénkwaassergebidder hier Exploitatioun hunn.
Weider Informatiounen

Ausser dëse Bäihëllefe ginn et nach Ënnerstëtzungen:

Back to Top
CIM LOGO