Zu Lëtzebuerg an am AuslandBal 2.700 Asätz ass d'Air Rescue dëst Joer scho geflunn

RTL Lëtzebuerg
Eng Patientin no enger Haiattack siche fléien oder op Hellegowend eng Spenderlong transportéieren - Dat gehéiert zu der Aarbecht vun der Air Rescue.

2.700 Asätz ass d’Lëtzebuerger Air Rescue dëst Joer scho bal geflunn. Dat ware Rapatriementer aus dem Ausland, den Transport vun Organer, mä natierlech och d’Asätz mam Rettungshelikopter, wann hei am Land e Mënsch an Nout ass.

Lëtzebuerger Air Rescue / Rep. Dany Rasqué

Dat mécht de Gros vun den Asätz vun der Air Rescue aus. Bis elo waren hir dräi Helikoptere knapp 2.100 Mol am Asaz. Zënter zwou Woche sinn zwee fuschneier am Gebrauch, en Investissement vu 14 Milliounen Euro.

D’ASBL huet dëst Joer och en neie Fliger kaaft, dee besser gëeegent ass fir Rapatriementer aus dem Ausland. D’Air Rescue muss ëmmer méi wäit fléien, fir hir Memberen am Noutfall heem ze bréngen. Se war dëst Joer zum Beispill an Indien, am Nicaragua oder op den Antillen.

D’LAR finanzéiert hir Aarbecht zum Deel, andeems se am Optrag vun Assistenz-Gesellschafte flitt, an dat sinn och alt emol méi aussergewéinlech Asätz. Hire President, de René Closter:

“Mir waren elo op enger Insel, déi vläicht net esou bekannt ass, d’Ile Sainte-Hélène tëschent Brasilien an Afrika. Do ware mer eng Fra sichen, déi vun engem Haifësch d’Been erofgebass krut, an déi hu mer op London transportéiert.”

Op Hellegowend huet d’Air Rescue eng Spenderlong transportéiert. A Frankräich huet se zesumme mat engem Partner vu Lyon d’Exklusivitéit fir Organtransporter, déi mam Fliger gemaach ginn. Fir esou eng Missioun kënnen z’assuréieren, kënnt et op d’Qualitéit vun der Aarbecht un, an et muss ee genuch Fligeren hunn.

“Dir hutt zum Beispill Patienten, wou alles gespent gëtt, d’Nieren, d’Häerz, d’Long, d’Liewer. An deem Fall gi bis zu véier Fligeren op d’Plaz geschéckt, fir all déi Organer ze transportéieren an do brauch een e ganz exakte Planning. Fir d’éischt gi mer déi medezinesch Ekipp éierens sichen, fléien déi mat enger Killbox op d’Plaz, wou d’Organ prelevéiert gëtt, an da fléie mer mat der Ekipp op déi Plaz, wou d’Organ agesat gëtt.”

D’Air Rescue flitt déi Asätz a Frankräich net eleng, mä mat engem Partner. Si organiséiert se awer alleguer. Dëst Joer waren dat eng 1.400 Stéck.

Back to Top
CIM LOGO