Trageschen AccidentBam op Trakter an Auto: ee Chauffer huet net iwwerlieft

Andy Brücker
Beim Virfall um Méindeg de Moien am Blummendall goufen zwou Persoune blesséiert. En 51 Joer ale Mann vun Iechternach huet seng Blessuren net iwwerlieft.

Wéi annoncéiert huet et um Méindeg de Moien zerguttstert iwwer Lëtzebuerg geblosen. Bis 11 Auer hat d'Zentral vum 112 schonn iwwer 100 Uriff notéiert wéinst dem Wieder. Déi meescht Asätz ware wéinst Beem oder Äscht, déi an der Strooss louchen, eng 30 Stéck waren dat, an eng Partie Kellere waren iwwerschwemmt.

Ganz schro war en Tëschefall am Blummendall, wou et zu engem uergen Accident komm war. En Trakter mat Unhänger an en Auto waren doran involvéiert, e Bam war op d'Gefierer gefall.

Wéi d'Police mellt, war en Trakter op der N14 vu Reiland Richtung Blummendall ënnerwee, wéi e Bam ëmgefall an op d'Kabinn vum Trakter gefall ass. De Bamstamm ass duerch den Opprall gebrach an um Daach vun engem Auto am Géigeverkéier gelant.

D'Chauffere vum Trakter a vum Auto goufe schwéier blesséiert an hu mussen aus hire Gefierer befreit ginn.

Kuerz no 18 Auer dunn huet d'Police du matgedeelt, datt de Chauffer aus dem Auto am Spidol u senge Blessure gestuerwen ass. Et handelt sech Dobäi ëm een 51 Joer ale Mann vun Iechternach.

D'Streck ass wéinst den Opraumaarbechten aktuell nach ëmmer gespaart.

Op der Plaz waren de Samu Zentrum an Norden, d'Ambulanzen aus der Fiels a vun Iechternach, grad ewéi d'Asazzentere aus der Fiels, vu Jonglënster, Waldbëlleg, Iechternach an Hiefenech.

Stuerm Bennet ass e Méindeg de Moien iwwer Lëtzebuerg gezunn
...

Um Boulevard Kennedy um Kierchbierg koum et um Méindeg de Moien och zu engem Accident, bei deem en Auto um Daach gelant ass, nodeems en an e Bam gerannt war. Zwou Persoune goufen dobäi blesséiert.

Geschitt ass dat kuerz viru Mëtteg, op der Plaz waren eng Ambulanz an den Zenter aus der Stad.

VIDEO: Stuerm: Och um Kierchbierg huet et geblosen
E puer Andréck kuerz viru Mëtteg bei der Entrée zu der RTL-City.

FOTOGALERIE: Andréck vun der Plaz vum trageschen Accident vum Domingos Oliveira.

Back to Top
CIM LOGO