
D’Täter konnte sech uschléissend mat de Suen duerch d’Bascht maachen.
Duerch déi hefteg Explosioun sinn e sëllegen Deeler duerch d’Loft geschleidert ginn an et ass och e Feier beim Bancomat ausgebrach, wat awer vun de Pompjeeë geläscht konnt ginn. Et blouf beim Materialschued.
De Parquet gouf informéiert an d’Spueresécherung gouf op d’Plaz geschéckt.
D’Police freet no eventuellen Zeien, déi d’Täter eventuell gesinn hunn, oder soss Informatiounen hunn, z.B. zum Fluchtauto, engem wäissen Alfa Romeo Giulietta.
Leit déi eppes gesinn hunn, solle sech w.e.g. um 113 mellen, oder via Mail op spj.rgb@police.etat.lu.
Eréischt Mëtt November d’lescht Joer war ee Bancomat am selwechte Supermarché zu Käerjeng aus der Mauer gesprengt ginn, an och deemools haten d’Täter sech mat engem Alfa Romeo Giulietta ewech gemaach.
Am Virmëtteg waren d’Aarbechte beim gesprengte Bancomat scho gutt am Gaang. Ma och d’Botzerei, déi direkt nieft der Bank hiert d’Geschäft huet, gouf vun der Sprengung getraff. Zwar ass de Materialschued bei hinnen zimmlech geréng: E puer Luuchten, déi duerch de Schock erausgespronge sinn an den Damp vum Feier, deen e puer Spueren hannerlooss huet. Mee de Buttek muss um Freideg zoubleiwen.

Amplaz Clienten ze zerwéieren, muss d’Ekipp elo de Buttek rëm an d’Réi bréngen an och all Kleeder, Decken an Teppecher vun de Clientë mussen elo nach eng Kéier gewäsch ginn, sou d’Responsabel vun der Botzerei.
«Ech sinn ugëeekelt vun deene Leit. Et kënnt ee Moies op d’Aarbecht an et gesäit een nëmmen de Chaos.», erzielt eng vun de Mataarbechterinnen.
Ma och d’Leit aus der Géigend weisen sech erschreckt, dass innerhalb kuerzer Zäit zwee Bancomat op der selwechter Plaz gesprengt goufen. De Guy Lang, pensionéierte Kommissär, kënnt och aus der Géigend. «Keen hätt domat gerechent, mee do kann ee jo och näischt dogéint maachen. Hei ass et Owes einfach immens roueg, well näischt an der Géigend ass an et kann ee jo kee Sécherheetsbeamten Dag a Nuecht bei all Bancomat stellen.», sou de fréiere Polizist.