
D’Täter hu sech mat engem groen Alfa Romeo Giulietta duerch d’Bascht gemaach. A wéi eng Richtung ass net gewosst.
Jiddereen, deen eppes Ongewéinleches géint 3.15 Auer an der Géigend vum Akafszenter an der Avenue de Luxembourg gesinn huet, respektiv kuerz virdrun an der Géigend vum Rond-point an der Route de Luxembourg zu Diddeleng, op der Héicht vum Autohändler, soll sech wgl. beim 113 mellen.
D’Post deelt dann och mat, dass den Espace POST Bascharage dëse Samschdeg zou bleift.