Fir Lëtzebuerger ClientenBank of America mécht eng Succursale zu Lëtzebuerg op

RTL Lëtzebuerg
Dat huet d'US-amerikanesch Bank e Mëttwoch matgedeelt. Eng Succursale ass méi enk un d'Mammenhaus gebonne wéi eng Filial.

Domat kënne Clienten hei zu Lëtzebuerg - an der Haaptsaach Fongen - och Konten opmaachen a vun de Servicer vun der Bank profitéieren. Déi Responsabel vun der Bank of America luewe Lëtzebuerg am Communiqué als Land mat villen Opportunitéiten, well vill international Societéiten hei e Sëtz hunn.

D’Noriichtenagence Reuters mellt, dass de Benoit Nebouet Direkter vun der Succursale gëtt. Hie war 25 Joer laang bei der BNP Paribas. Donieft stellt d’Bank eng Persoun an, déi op Anti-Blanchiment spezialiséiert ass, grad ewéi eng Hand voll Mataarbechter an anere Funktiounen.

Back to Top
CIM LOGO