E groussen Deel dovu si Banken an déi hunn effektiv deels 80 bis 90 Prozent vun hire Leit am Home Office schaffen. Op eemol geet, wat jorelaang onméiglech geschéngt huet.
Éischt grouss Hürd, déi bis ewell den Télétravail verhënnert huet, ass déi steierlech Contrainte fir Leit, déi zwar zu Lëtzebuerg schaffen, ma am Ausland wunnen. Dës gëllt wuel net nëmme fir Banken, ma e groussen Deel vu hire Mataarbechter kënnt effektiv all Dag aus de Nopeschregiounen an de Grand-Duché schaffen. An no jorelaange Negociatioune gouf dee Probleem an dëser Kris bannent nëmmen e puer Deeg aus der Welt geschaaft.
Laurent Mertz, Aleba: „De notre côté on n'est pas non plus pour un télétravail qui est perpétuel. Nous pensons que le lien social reste important, le travail collaboratif reste important. Tout ne peut pas non plus être fait en télétravail. Nous pensons juste qu'on peut l'augmenter."
Ronn 50 Deeg am Joer wieren der Aleba no ideal, domat kéint een op d’mannst een Dag an der Woch vun Doheem aus schaffen.
Eng weider Hürd wier awer och dee rechtleche Kader gewiescht. Esou huet zumindest emol ëmmer geheescht. Deem widdersprécht de Claude Wampach vun der CSSF, also dem Regulateur vum Finanzsecteur. Claude Wampach, CSSF:„De Gros vun de Reegelen am Finanzsecteur schreiwen net vir, vu wou aus déi Aktivitéit gemaach gëtt. Déi schreiwe just vir, dass déi Aktivitéit ënner gewësse Konditioune stattfanne mussen. Konditiounen zum Beispill vun der Sécherheet, fir ze garantéieren, dass déi confidentiel Donnéeën, déi an der Bank sinn, sécher gehandhaabt ginn. Ob dat an der Bank geschitt oder ob dat vun enger Plaz ausserhalb vun der Bank geschitt, ass am Fong egal. D'Haaptsaach d'Zilsetzung vun der Reglementatioun ass respektéiert.(...)„Mir mëschen eis net an an d'Aart a Weis, wéi d'Entreprisen hir Geschäfter maachen. Mir kucken, dass déi Geschäfter innerhalb vun enger Rechtsrumm geschéien, déi do ass. An déi Rechtsrumm, dat gesi mer, déi accommodéiert sech zu engem groussen Deel och un den Home Office."
Op alle Fall hätt een an dëser Kris eng Rei pragmatesch Solutioune fonnt, fir den Télétravail kënnen z'erméiglechen.
Frédéric Kieffer, ING: „Säit Jore gëtt et schonn Télétravail bei eis, mä mat engem manner groussen Accès, wéi et haut méiglech ass. Do hu mer dann och duerch d'CSSF dat alles mat hinnen ofgeschwat, mä et ass eng richteg Volontéit gewiescht – och vum Regulateur – fir esou vill Leit ewéi méiglech Heem ze schécken, esou dass mir doduerch den Accès élargi konnte maache fir dës Zäit."
Eng Rei aner Banken hunn den Télétravail wärend dëser Kris eréischt musse fir sech entdecken. An de Gros vun hinne mécht domat och gutt Erfarungen.
Yves Baguet, BIL:„Cela se passe plutôt bien. C'est à dire qu'il n'y a aucun impact négatif majeur soit sur la productivité de nos employés, soit sur la continuité de nos services informatiques, soit sur la continuité de nos services commerciaux à nos clients."
Ob dës Astellung sech och bis no der Kris hält, ass onkloer. Ëmmerhin ginn et och méi skeptesch Stëmmen.
Guy Hoffmann, ABBL: „Elo sinn eis Erfarungswäerter relativ gutt. Mä de Regime de travail ass duerch de Volume vun Aarbecht, déi ufält, ass awer och nach net bis op dat Lescht ausgetest."
Laurent Mertz, Aleba:„Je sais également qu'il y a encore souvent une réticence du management pour le télétravail parce que le télétravail serait une sorte de vacances organisées. Ce qui n'est evidemment pas le cas."
Et schéngt awer, wéi wa verschidde Banke Gefalen un der Optioun Home Office fonnt hätten. Eleng net mussen all Dag duerch den Trafic ze kommen, géif zum Wuelbefanne vun de Mataarbechter bäidroen.
Yves Baguet, BIL: „Aussi tout l'aspect de l'empreinte ecologique, tout l'aspect de l'empreinte „Real Estate", où cela permettrait d'ouvrir des options assez intéressantes."
Fir d'Banke bedeit den Télétravail natierlech och en enorme Sécherheetsopwand. Ma dat wier mat den haitegen technesche Moyenen awer kee Problem méi, esou den allgemenge Feedback aus dem Secteur.
Allgemeng gëtt et natierlech och weider nach eng Rei méi skeptesch Stëmmen. Ma d'Virdeeler vum Télétravail wieren erkannt ginn, eng Partie pragmatesch Solutioune fonnt ginn a fannen déi verschidde Regierungen och nach eng Solutioun a puncto Steieren, kéint dës Kris dem Bankesecteur um Enn den Télétravail méi no bruecht hunn.
