Am Kollektivvertrag fir de Banken- an Assurancësecteur, e Secteur, dee méi wéi 50.000 Beschäftegter zielt, ass d'Fräizäit opgedeelt engersäits a Congésdeeg, op der anerer Säit a Roudeeg. Sou huet e Banquier oder Assureur bis den Alter vu 45 Joer just de minimale legale Congé. Déi 8,5 Roudeeg pro Joer, déi en zegutt huet, ënnerscheede sech juristesch gesi vum legale Congé. Juristeschen Avis
Den Affekot Guy Castegnaro deelt d’Analys vun RTL: "Den zukünftege Gesetzprojet schwätzt vun enger Augmentatioun vum legale Congé. Wann elo een Dag dobäikënnt, da betrëfft dat am Prinzip nëmmen d’legal Congésdeeg an net d’Roudeeg, déi a verschiddene Kollektivverträg wéi zum Beispill am Bankekollektivvertrag dobäikommen."
Wann e Kollektivvertrag 25 Deeg Congé virgesäit an da Roudeeg, da géing d’Hausse vum legale Congé näischt un de Roudeeg änneren. De Congé vu 25 Deeg, dee géing allerdéngs op 26 eropgoen (fir all déi ënner 50 Joer al Leit).
Sträit virprogramméiert
Ouni grouss Iwwerraschung deelt d’Bankegewerkschaft Aleba déi Analys an huet Wëlles, d’Patronatssäit opzefuerderen, der Hausse vum legale Congé Rechnung ze droen, soubal d’Ännerung vum Code du Travail gestëmmt ass.
D’Bankenassociatioun ABBL, déi wëll nach ofwaarden, bis de Gesetzprojet public ass, fir eng juristesch Interpretatioun ze maachen. Kloer ass awer, datt d’ABBL dogéint ass, datt Employéen am Secteur nach een Dag méi solle fräi kréien.
"le moment venu"
Den LSAP-Aarbechtsminister Dan Kersch hat Ufank Januar op RTL gesot, d’Regierung wéilt sech an Tarifverhandlungen tëscht de Sozialpartner net amëschen. D’Zil wier gewiescht, datt déi déi just 25 Deeg Congé hunn, een Dag bäikréien.
E Freideg huet et geheescht, eventuell juristesch Interpretatiounsproblemer solle geléist ginn, wann de Moment komm ass.
RTL-NEWS: 26 Deeg an Europadag: Texter fir méi Congé am Regierungsrot ugeholl