E grousse Problem ass awer, datt de Staat nach vill Terraine muss kréien, déi den Ament a privater Hand sinn. An Zukunft sollen 1.200 Jonker do an Schoul goen. D’Bauaarbeschte sollen net virun 2027 ufänken. Iwwert de Projet gouf en Donneschdeg de Moien an der zoustänneger Chamberkommissioun diskutéiert.
De Standuert, wou den Nordstad-Lycée soll gebaut ginn, läit eng 800 Meter vum Zentrum vun Ierpeldeng ewech. De Site soll un den ëffentlechen Transport ugebonne ginn. Bis ewell krut de Staat just een Deel vun den Terrainen. Vill Terrainen, déi eben a privatem Besëtz sinn, muss de Staat awer nach kréien, esou den zoustännege Minister.
Am zukünftege Gebai wäerten ënner anerem Plaz fir 47 Klassesäll, 13 speziell Raimlechkeeten a 24 professionell Ateliere sinn. An dësen Ateliere kann zum Beispill de Beruff vum Coiffer geléiert ginn. Donieft solle verschidde Sportinfrastrukture wéi 3 Sportshalen an eng Schwämm gebaut ginn. Am Cahier de Charge soll dann och berécksiichtegt ginn, datt d'Lëftungskonzept a Pandemie-Zäiten gutt funktionéiert.
Och een ekologesche Park soll entstoen. Et geet een dovunner aus, datt d'Bauaarbechte vum neie Lycée 2027 wäerten ufänken.
Da ginn et awer och d’Pläng, eng Struktur aus fäerdegen Elementer aus Bëtong ze bauen, déi et dem Nordstad-Lycée erlabe kéint, éischter mat hiren Aktivitéiten zu Ierpeldeng unzefänken. Dës soll op ee Gemengenterrain bei Gebailechkeete vun der Lëtzebuerger Alzheimer Associatioun kommen. An där Struktur sollen eng 400 bis 450 Schüler empfaange ginn.