
Wéinst engem méi uergen Aarbechtsaccident goufen um Donneschdeg de Moien um Stater Geriicht de Gerant vun enger Baufirma zu enger Geldstrof vun 1.000 € an d'Societéit zu enger vu 1.500 € veruerteelt.
En Aarbechter, deen dorop stoung, war bal 7m an d'Déift gefall a schwéier blesséiert ginn.
D'Assurance-accident krut iwwerdeems kee Schuedenersatz zougesprach. Dobäi hat si däers am Prozess ronn 268.500 € gefrot.