
Den Haaptleetzëns klëmmt ëm 0,5 Prozentpunkte vun 2 op 2,5 Prozent. Als President vun der Lëtzebuerger Zentralbank ass de Gaston Reinesch Member vum EZB-Rot, deen iwwert den Taux vun de Leetzënsen decidéiert.
Hien erkläert, firwat dëse Schrëtt noutwenneg war: “Wa mer déi Projektioune kucken, déi d’Inflatioun ubelaangen, da gesi mer, datt mer dëst Joer 8,4 Prozent haten. Wat lo wichteg ass, dat sinn d’Projektioune fir déi Joren, déi kommen. An do gesi mer, datt mer d’nächst Joer 6,3 Prozent wäerten hunn, 2024 3,4 Prozent an 2025 2,3 Prozent.”
Déi Viraussoe wieren awer mat Virsiicht ze genéissen. Wéinst dem Krich an der Ukrain wéisst een nämlech net, wéi sech d’Energiepräisser an den nächste Méint a Joren entwéckele wäerten. Ma och d’Entwécklung vun der chineesescher Ekonomie hätt ee groussen Impakt op déi weltwäit, an domat och déi europäesch Ekonomie. De Gaston Reinesch huet awer schonn ugedeit, datt mëttelfristeg weider Zënshaussen nokommen dierften.
Dem Gaston Reinesch, President vun der Lëtzebuerger Zentralbank, no ass aktuell deen Zënssaz ekonomesch am wichtegsten, deen d’Banken op déi Reserve kréien, déi se bei den nationalen Zentralbanken halen an deen elo op 2 Prozent klëmmt.
Hien erkläert, wat et mat deene Reserven op sech huet: “Deen éischte Grond ass, datt se ee gewëssen Niveau un Zentralbankgeld hale mussen, dat nennt een d’Minimumreserven. An deen Niveau ass en Fonction vun den Depoten, déi se vun hire Clienten hunn. Den zweete Grond sinn d’Geldschäiner. Wann d’Cliente bei eng Bank ginn, fir Zentralbankgeld ze kréien, an dat kënne Clienten aktuell jo nëmmen a Form vu Pabeiergeld kréien. Wann déi also Geldschäiner froen, da mussen d’Banken déi Geldschäiner bei der Zentralbank kafen, an déi kënne se just mat Zentralbankgeld kafen.”
Dee vum Volume hier wichtegste Grond wier allerdéngs, datt d’Banke Scholden ënnerteneen hunn a kënnen dës dacks just mat Geld vun der Zentralbank begläichen. Bei de leschten zwou Leetzënserhéijunge war et eng Hausse vun 0,75 Prozentpunkten. Dat et dës Kéier “nëmmen” 0,5 Prozentpunkte waren, hätt mat der Ausgangslag ze doen. “Am Ufank ware mer jo nach am negativen Territoire bei deem Zënssaz vun deem ech geschwat hunn, dee minus 0,50 Prozent war. Wéinst deem wat geschitt ass, der Inflatioun bedéngt duerch den Ukrain-Krich, hu mer misse reagéieren, dowéinst gouf et zwee Mol eng Hausse vun 0,75 Prozentpunkten. Elo hu mer entscheet 0,50 Prozentpunkten ze maachen, mam Message, datt iwwert déi nächst Méint nach eng Rei Schrëtt nokomme wäerten.”
D’nächst Joer soll d’Präisdeierecht bei 6,3 Prozent leien a bis 2025 op 2,3 Prozent erofgoen. D’Zil vun der EZB ass eng Inflatioun vu ronn 2 Prozent, well sou am beschten eng Stabilitéit vun de Präisser assuréiert kéint ginn.