StatecBedréckte Stëmmung wéint dem Wirtschaftswuesstem an der Eurozon

Jean-Marc Sturm
Och de Statec gesäit negativ Tendenzen.
Eu-Kommissar Pierre Moscovici
Eu-Kommissar Pierre Moscovici
© AFP

D'EU-Kommissioun an och aner Institutioune sinn neierdéngs a Saache Wirtschaftswuesstem manner optimistesch wéi nach virun e puer Méint.

An dat gëllt virop fir den Industriesecteur. Do ass heiheem d'Produktioun am 4. Trimester zejoert zwar ëm 1,7% geklommen. Iwwer dat ganzt lescht Joer gesinn ass et awer eng Baisse vun 0,7%. An der Eurozon war dat net anescht. Mat an der éischter Linn Industrienatioune wéi Däitschland, Frankräich oder nach Italien. Fir dëst Joer ass de Secteur europawäit och éischter pessimistesch. An dat bremst och d'Dynamik vum Emploi an deem Secteur.

D'Fongen-Industrie hat Enn vum leschte Joer gelidde mat enger Baisse vu bis zu 6%. Hannergrond ware Suerge wéinst der méi schwaacher Konjunktur, neien Handelskonflikter an der Zënshausse an den USA. Mam neie Joer koum awer nees eng Grëtz méi Optimismus. De Bankesecteur huet am zweete Semester zejoert neien Driff kritt. Ënnert anerem well et bei de Prête boomt mat den Zënsen, déi extrem niddreg sinn.

Suerge mécht dem Statec d'Hausse vun den Energiepräisser, besonnesch beim Gas an Elektresch. Beim Stroum war et eleng am Mount Januar ee Plus vun iwwer 4%.

D'EU-Kommissioun war am Hierscht zejoert fir 2019 nach vun enger éischter strammer Inflatioun vu knapp 2% ausgaangen. Ewell tabléiert een fir d'Eurozon nëmmen nach op 1,4%.

Fir Lëtzebuerg profezeit de Statec dëst an d'nächst Joer eng Deierecht vun 1,7%. Déi nächst Indextranche misst tëscht Oktober an Dezember dëst Joer fälleg ginn. De gratis ëffentlechen Transport wäert déi hausgemaachten Inflatioun d'nächst Joer bremsen.

Back to Top
CIM LOGO