
Am Abrëll zejoert hat de Gemengerot vu Beefort en neie Plan d'aménagement général ugeholl. Well dora verschidde Limitte vun der fréierer Gréngzon ofgeännert goufen, krut d'Ëmweltministesch dee PAG am Mee zur Zoustëmmung virgeluecht. Am August hat d'Carole Dieschbourg verschidde Modifikatioune refuséiert, dorënner de Reklassement vu virdru landwirtschaftlechen Terrainen an eng "Zone de bâtiments et équipements publics". Der Ministesch no géif d'Urbanisatioun do op d'Landschaft iwwergräifen. D'Beeforter Gemeng hat dogéint Recours ageluecht um Verwaltungsgeriicht.
Deem seng zweet Riichter kommen zur Konklusioun, dass et zu enger moderater Extensioun vun där "Zone BEP" komme kann, wa sech un 3 Konditioune gehale gëtt. De Refus vun der Zoustëmmung vun der Ministesch kéint dofir net bäibehale ginn. Dës Decisioun wär wéinst engem Iwwerschreide vun hirer "Marge d'appréciation" z'annuléieren.