Restauréierung ënnerbrachBeeforter Schlass geet fir d'Touristesaison nees op

RTL Lëtzebuerg
Dee ville Reen zejoert am Juli hat och en direkten Impakt op d'Beeforter Schlass, wëll do en Deel vun der baussechter Schlassmauer an de Koup gefall war.

Zanterhier gouf de Schued evaluéiert an d’Iwwerreschter vun der Mauer goufe stabiliséiert, sou datt net nach weider Mauerstécker rëtschen. Alles an allem ass un der Enceinte vum mëttelalterleche Site e Schued vu ronn 1,5 Milliounen Euro entstanen. De Chantier vun de Renovatiounsaarbechte gouf awer lo gestoppt, wëll d’Buerg soll fir d’Touristesaison op sinn, wat dann och geschitt.

Déi zoustänneg Gréng Ministesch Sam Tanson seet, datt si sech der Drénglechkeet vum Chantier bewosst wier, deen nach op weider aacht Méint ugesat ass.

Et war d’Ex-CSV-Kulturministesch Octavie Modert, déi nogefrot hat, wéi et mat den Aarbechten am Beeforter Schlass weidergeet. Si hat vun engem kulturhistoresche Bijou geschwat.

PFD: Réponse parlementaire zum Beeforter Schlass

Back to Top
CIM LOGO