PoliceBei 758 Alkoholkontrollen goufen 3 Führerschäiner agezunn

RTL Lëtzebuerg
D'Police hat op Uerder vum Parquet um Sonndeg 2 gréisser Alkoholkontrollen duerchgefouert: Tëscht Elleng-Gare a Schengen, an am Raum Dikrech/Ierpeldeng.

Tëscht Elleng-Gare a Schengen gouf tëscht 00.30 an 3 Auer kontrolléiert, am Raum Dikrech, Ierpeldeng, Bamerdall, Angelduerf tëscht 18 an 22.30 Auer.

Alles an allem goufen 758 Automobilisten ugehalen an hu mussen en Otemtest maachen. An 13 Fäll war den Alkoholtest positiv, an 3 Fäll gouf de Führerschäin nach op der Plaz agezunn.

2 Accidenter

An der Avenue Charlotte zu Uewerkuer ass et e Sonndeg am fréien Owend zu engem Accident komm, wou just Materialschued entstanen ass. Bei Gespréich iwwert de Virfall ass opgefall, datt ee Chauffer ze vill gedronk hat, wat och dono duerch en Test confirméiert gouf. De Mann krut de Permis ofgeholl.

Géint 20 Auer um Sonndeg dunn ass en Automobilist zu Dikrech an e Gefier gerannt, wat op der Säit vun der Strooss stoung. De Mann wollt direkt weider fueren, ouni sech ëm de Schued ze këmmeren, ma well säi Pneu beschiedegt war, ass hien net wäit komm. Och hei konnten d'Poliziste feststellen, datt de Chauffer ze vill gedronk hat an och hien huet de Permis missten ofginn.

Back to Top
CIM LOGO