Virop d’Prezisioun, dass Stugalux Construction S.A. a Stugalux S.A. zënter méi wéi 15 Joer getrennt vunenee funktionéieren.
Um Méindeg de Mëtte huet d’Direktioun vu Stugalux Construction d’Personal-Delegatioun gesinn, an där Leit vu betribsinterne Lëschte majoritär sinn.
D’Gewerkschaften OGBL an LCGB kommen ze soen als Support vun der Delegatioun. Beim LCGB heescht et am Virfeld, dass ee sech net mat engem einfache Sozialplang mat Entloossungen zefridde gëtt.
Et wëll een ee Plan de Maintien dans L’Emploi, fir dass esou mann wéi méiglech Leit hir Schaff verléieren.
D’Direktioun hat d’Personaldelegatioun iwwert d’Situatioun informéiert a muss elo an déi konkret Consultatiounsprozedur.
Dass et Problemer bei Stugalux Construction kéint ginn, déi Rumeur leeft zënter wäit iwwer 6 Méint.
Et gouf eisen Informatiounen no och schonn deels antizipéiert, fir dass de Betrib besser do steet mam Ëmorganiséiere vu Chantieren oder nach dem Eranhuele vu Congésdeeg.
D’Gewerkschafte wëlle laanscht kollektiv Entloossunge kommen.
Et geet wéi gesot Rieds vu 75 bis 80 Leit. Dowéinst setze se op Gewerkschaftssäit gär op ee “Plan de maintien dans l’Emploi” am Betrib, fir eben esou vill Plaze wéi méiglech gerett ze kréien. Do ginn et Pisten, wéi antizipéiert Departe via zum Beispill Prepensioun, et gëtt de Prêt vu Main d’Oeuvre un aner Baufirmen oder nach de Chômage partiel aus konjunkturelle Grënn.
Och de Gerant vu Stugalux Constructions gesäit dat änlech. RTL géintiwwer sot de Joel Schons, datt een am Kader vum “Plan de maintien dans l’Emploi” d’Diskussioun an och méiglech Léisungen, déi géif passen, géif sichen.
Den LCGB hätt am léifsten ee Plan de Maintien dans l’Emploi fir de ganze Konstruktiounssecteur, deen zënter Méint wéinst der Logementskris, der deierer Matière première an, der Inflatioun allgemeng an den héije Scholdzënsen keimt.
Beim OGBL ass een do méi retizent. Virun esou engem sektorielle Plang hätt ee gär Garantië vun der Regierung, dass do keng Suen u Baufirme ginn, déi se net néideg hunn. Géint spezifesch Plans de Maintien dans l’Emploi an eenzele Betriber huet ee beim OGBL wéi am Fall Stugalux Contruction awer näischt.
Stugalux Construction ass ee weideren Deel vun enger ganzer Serie vu Baufirmen an de Laberente mat Manuel Cardoso, Cenaro, Sopifaçades, Batipol oder nach Decorlux.