Haut virun 78 Joer ass den zweete Weltkrich an Europa offiziell op een Enn gaangen. Den 8. Mee 1945 ass an d’Geschicht agaangen, an zwar well op dësem Dag déi däitsch Wehrmacht d’Kapitulatioun vun hiren Truppen ënnerschriwwen huet. Et war also d’Enn vum Krich an Europa, no iwwer 5 Joer Misär a Leed an an deem ganzer 55 Millioune Mënschen, dorënner 6 Millioune Judden hiert Liewe loosse missten. Bei der Gëlle Fra gouf um Méindeg un d’Enn vum Krich geduecht.
Viru bal 80 Joer ass den zweete Weltkrich op een Enn komm, dorunner gouf erënnert an de Premier Xavier Bettel huet Blumme bei der gëlle Fra néiergeluecht. Et ass eng Zeremonie, déi all Joers ass fir den Affer vum zweete Weltkrich ze gedenken – an hire Courage an dat onmënschlecht Leed, dat iwwer Lëtzebuerg a seng Awunner komm war.
Eng Commemoratioun, déi och no iwwer 7 Joerzéngten net u Wichtegkeet a Bedeitung verléiere géing, seet eis den Antoine Karpen, deem seng Familljememberen am Krich gekämpft hunn:
“Éischtens ass et eng Traditioun, déi hei am Land ëmmer nach grouss geschriwwe gëtt, net ze vergiessen, wat d’Geschicht eis bruecht huet. Mir gesinn, och dass déi Geschicht eis ëmmer rëm hëlt. Och wann dës Kéier den Niwwel vun enger anerer Säit kënnt. Fir eis als Ancien Combattant ass et ëmsou méi wichteg de Flambeau weider ze huelen a weider ze droen, well och déi Jongen, déi lo am Numm vun der Lëtzebuerger Regierung am Ausland hiren Déngscht maachen, kënnen och all Moment getraff ginn. A kënnen och all Moment vun deem Onheel heemgesicht ginn wéi eis Grousselteren. Och déi Jongen hu Famillen heiheem, sou wéi si Famille gelooss hunn, wéi si an d’Missioune gaange sinn, wéi si an de Krich gaange sinn.”
Op der Plaz war och de Fransous Michel Chaine. Säi Papp huet am zweete Weltkrich gekämpft, de Grousspapp am éischten.
“L’important surtout est qu’il ne faut jamais perdre l’esprit que la jeunesse sache qu’est-ce qu’il s’est passé. Pour être honnête, on vit dans une periode de paix mais je reviens là, il y’a la guerre qui n’est pas très loin et tout le monde tremble dans cette situatioun là comment cette guerre va se terminer...”
D’Geschicht ëmmer nees un déi nächst Generatioune weider ze droen, wier wichteg, grad och well d’Zäitzeie lues a lues stierwen an deemno kee méi do ass, fir d’Memoire weider ze ginn.