Op der Areler AutobunnBei grousser Camionskontroll goufen 38 Avertissement Taxéë geschriwwen
Um Donneschdeg goufen am Ganzen 27 Camione op der Aire de Capellen kontrolléiert. Et war een Asaz mat den däitsche Kolleegen.
An 3 Fäll war d’Lued net geséchert a bei 7 Gefierer war déi maximal Laascht iwwerschratt. An 23 Fäll goufen d’sozial Virschrëfte vun de Chaufferen net agehal an a 5 Fäll waren d’Pabeieren net an der Rei.