Ventiller fir BeootmungsapparaterBei Rotarex zu Lëntgen leeft d'Produktioun den Ament op Héichtouren

Tim Morizet
D'Demande an Europa eleng wier den Ament 3 bis 4 Mol méi héich wéi soss. 40 bis 50.000 Ventiller de Mount ginn elo produzéiert.
Bei Rotarex leeft d'Produktioun den Ament op Héichtouren
D'Demande an Europa eleng wier den Ament 3-4 Mol méi héich wéi soss. 40 bis 50.000 Ventiller de Mount ginn elo produzéiert.

Rotarex / Reportage Fanny Kinsch

D'Rotarex zu Lëntgen ass eng vun den Entreprisen, déi elo an der sanitärer Kris op Héichtoure lafen. Hei gi Ventiller fir Beootmungsapparater produzéiert.

Fir der méi grousser Demande nozekommen, hätt ee fräiwëlleg Renforcementer gesicht, och fir nuets ze schaffen. Dat wier en éischten Challenge gewiescht, esou de Generaldirekter Jean-Claude Schmitz.

"Fir d'Personal ze fannen, déi wëllen op 3 Schichte schaffen a samschdes. Dat ass de groussen Challenge gewiescht. Mir sinn awer dankbar, fir all d'Personal, déi komm sinn, an déi sech net krank gemellt hunn an déi nees direkt hei geschafft hunn. Do soe mer e grousse Merci."

Bis elo hätt et an der Entreprise nach kee Fall vum Coronavirus ginn. Et hätt een och eng Rei Sécherheetsmesuren en place gesat, seet de Finanzdirekter vu Rotarex Bruno Lavalle.

"Nous avons distribué évidemment à tout le monde des masques. Nous veillons à ce que les distances entre les travailleurs soient bien respectés. Nous avons également écarté les lignes de production pour que les gens ne soient pas en contact avec l'un et l'autre."

Iwwerdeems gëtt de Kontakt tëschent den Ekippen op de verschiddene Schichten evitéiert an tëschent de Schichte gëtt gebotzt.

Et géife sech awer och logistesch Erausfuerderunge stellen. Et wier den Ament méi schwéier, beliwwert ze ginn an d'Fournisseure géifen och méi froen, sou de Jean-Claude Schmitz.

"Et ginn net vill Gasieren an der Welt, a bal alleguer sinn eis gutt Clienten an déi hätte gären d'Ventiller fir muer de Moien. Dat ass leider net ëmmer méiglech. Do si mer natierlech, wéi ech virdru gesot hunn, mat de Fournisseuren, de ganzen Dag um telefonéieren, fir d'Wuer erbäi ze kréien."

Weider Schwieregkeeten hätt een den Ament mat Liwwerungen a Richtung Amerika, well manner Schëffer ënnerwee wieren.

Back to Top
CIM LOGO