MobilitéitsministereBeim Handling vun de Passagéier um Findel kruten zwee Acteuren eng Lizenz

RTL Lëtzebuerg
Nieft Luxair SA krut elo och déi franséisch Firma Alyzia SAS den Zouschlag, fir déi sougenannt "Assistance en escale" bei de Passagéier ze maachen.

Déi Lizenze gëlle fir 7 Joer.

Véier Kandidaturen-Dossiere waren erakomm.

Zum Ground-Handling gehéiert ënnert anerem d’Begleede vu Passagéier vun hirer Arrivée an der Aerogare u bis hin zu hirem Depart oder Transfert. Donieft ass et d’Gestioun vum Gepäck, d’Lueden an Entluede vu Fligeren, de Parking vun de Maschinnen an hir Preparatioun fir de Fluch.

Virdrun haten d’Luxair an déi belsch Firma Aviapartner déi zwou Lizenzen fir de Passagéier-Handling. Aviapartner hat sech bei hirer Arrivée um Findel 2016 Chancen ausgerechent, d’Bëlleg-Airlines wéi Ryanair als Clienten ze gewannen, mee doraus war näischt ginn, well d’Luxair besser Konditioune gebueden hat.

Hei dat offiziellt Schreiwes:

Attribution de deux licences d’assistance en escale passagers à l’aéroport de Luxembourg (07.03.2024)
Communiqué par : ministère de la Mobilité et des Travaux publics

Dans le cadre d’une procédure d’adjudication européenne, conformément à la loi du 19 mai 1999 régissant l’accès au marché de l’assistance en escale en matière de passagers à l’aéroport de Luxembourg, quatre dossiers de candidature ont été soumis. La fourniture de ces services à l’aéroport de Luxembourg est limitée à deux prestataires, en accord avec la réglementation en vigueur.

Sur proposition de l’entité gestionnaire lux-Airport (Société de l’aéroport de Luxembourg SA) et après consultation du comité des usagers aéroportuaires, la ministre de la Mobilité et des Travaux publics, Yuriko Backes, vient de décerner les deux licences respectivement à Alyzia SAS et à Luxair SA.

Back to Top
CIM LOGO