No Ouschteren 2025 soll et keen Handy méi an de Klassesäll vun der Primärschoul ginn. En Handyverbuet fir d’Kanner am Fondamental gëtt vun der ganzer Oppositioun (LSAP, ADR, Déi Gréng, Déi Lénk) begréisst.
Wat awer de partiellen Handyverbuet am Lycée ugeet, bleiwen nach eng Partie froen. Bei dësem Verbuet geet et dorëm, dass soll wärend dem Unterrecht eng physesch Distanz tëscht de Schüler an hirem Handy bestoen. Bis no Päischte krut all Lycée den Optrag vum Educatiounsministère, e Konzept auszeschaffen, wéi dëst soll ëmgesat ginn.
“Ech hunn d’Gefill, dass do ganz vill Responsabilitéiten op d’Lycéeën iwwerdroe ginn”, seet Djuna Bernard (Déi Gréng). Si wënscht sech, dass d’Lycéeën hei Piste mat op de Wee kriten, wat méiglech Ëmsetzungsforme sinn.
Och d’Francine Closener (LSAP) ass der Meenung, dass de Ministère soll Léisungen opzeechnen. “Do däerf een d’Lycéeën net eleng loossen, well et ass jo wichteg, dass déi ganz Schoul-Communautéit dohannert steet”, sou déi Deputéierten. D’Enseignanten an d’Schüler, besonnesch a méi héije Klassen, misste matmaachen. Fir d’Francine Closener ass et awer och evident, dass Tabletts net kënnen einfach aus dem Secondaire verschwannen. Medienerzéiung an den Ëmgang mat den digitale Medie géing wichteg bleiwen. Un engem Konzept géing et awer feelen.
Nieft dem Handyverbuet an de Schoulen, ass awer och d’Alphabetiséierung op Franséisch ee vun de Sujeten, deen dës Rentrée matbestëmmt. Zanter 2 Joer leeft a verschidde Schoulen hei schonn e Pilotprojet. De Fred Keup (ADR) mengt awer, d’Erfarungswäerter géingen nach net duergoen, fir schonn 2026 eng generaliséiert Offer unzebidden. “Mir fäerten, dass hei eppes gemaach gëtt, wou d’Evaluatioun net méi gemaach gëtt”, betount den Deputéierten. Den DP-Educatiounsminister Claude Meisch hätt schliisslech versprach gehat, dass géing am Virfeld gekuckt ginn, ob d’Alphabetiséierung op Franséisch och wierklech eppes géing bréngen.
D’Schoul misst sech der Realitéit vum Land upassen, fënnt den David Wagner (Déi Lénk). Et kéint net sinn, dass d’Scolaritéit vu Schüler a Fro gestallt gëtt, well se net esou gutt an enger Sprooch wieren. Zanter iwwer 50 Joer weist een, dass de Lëtzebuerger Schoulsystem géing Inegalitéite reproduzéieren. Dëst géing permanent vun Etuden nogewise ginn. “Et ass evident, dass mer zu Lëtzebuerg nach ëmmer an engem Schoulsystem sinn, deen déi sozial Ongerechtegkeete weider verschäerft”, sou den David Wagner.