Chamberdebatt iwwer LiwwerkettegesetzBeim Zil ass ee sech eens, beim Wee dohinner awer net

RTL Lëtzebuerg
Wéi steet déi lëtzebuergesch Regierung zu engem Liwwerkettegesetz op europäeschem Niveau?
© Marc Hoscheid / RTL

Déi Fro gouf e Mëttwoch de Mëtteg op Initiativ vun der grénger Deputéiert Sam Tanson an der Chamber diskutéiert. Iwwert d’Parteigrenzen ewech war ee sech doriwwer eens, datt d’Mënscherechter respektéiert musse ginn a Kanneraarbecht net ze toleréieren ass. Ma wat d’Detailer vun esou engem Gesetzestext betrëfft, goungen d’Meenungen awer auserneen.

Chamberdebatt iwwer Liwwerkettegesetz / Reportage Marc Hoscheid

Dat zum Beispill bei der Fro, ob deen Text, deen elo um Dësch läit, negativ Suitte fir den europäesche Bannemarché an domadder fir kleng a mëttelstänneg Betriber kéint hunn. Déi Gefor gesäit op alle Fall den CSV-Deputéierte Christophe Hansen. Dat well et sech beim Text vum Liwwerkettegesetz ëm eng Direktive an net ëm ee Reglement handelt. Hie gëtt d’Beispill vun engem Elektrikerbetrib, dee Solaranlagen installéiert.

“Dee muss déi Solaranlage jo iergendwou kafen, well leider produzéiere mer zu Lëtzebuerg an an der Europäescher Unioun nach net genuch dervun. Da soe mer lo, en hätt an der Tschechescher Republik ee Fournisseur an dee Fournisseur importéiert déi Solarpanellen aus China. Wa mer dat op 27 verschidden Aart a Weisen ëmsetzen, ass et ganz gutt méiglech, datt dat Produkt, dat zwar fir den tschechesche Marché all d’Informatiounen huet, net déi néideg Informatiounen huet fir de Lëtzebuerger Marché.”

Dat géing dann derzou féieren, datt den Elektriker seng Panneaue bei engem anere Fournisseur kafe muss. An dat dann eventuell zu engem méi héije Präis. De Sven Clement vun de Pirate gesäit dat mat Bléck op d’Gréisst vun de Lëtzebuerger Betriber liicht anescht.

“Ganz éierlech, ech wéisst net wéi een Installateur vu Solarpanneauen hei zu Lëtzebuerg dann ënnert d’Krittäre vun der Direktive géif falen, datt e seng Fournisseure sou misst kontrolléieren, wéi den Här Hansen et hei duergestallt huet. Dat sinn also scho bal Fake News hei bannen, déi verbreet ginn vun der gréisster Partei hei am Parlament.”

De Christophe Hansen huet entgéint, d’Gréisst vum Betrib géing keng Roll spillen. Net eens ware sech och d’ADR an déi Gréng. De Fernand Kartheiser huet kritiséiert, datt grad déi Gréng vum Respekt vun de Mënscherechter schwätze géingen.

“Ech wëll awer och soen, datt et ganz schlëmm ass, a mengen An, datt eng Partei hei hi kënnt a seet, si géing sech dofir engagéieren, déi zum Beispill d’Elektromobilitéit sou subventionéiert huet. Well mir wëssen, datt domadder Kanneraarbecht verbonnen ass. An et kann een deene Grénge soen, wéi wäit ass dat dann? Ass d’Ëmwelt, sinn d’Mënscherechter grad esou wichteg, e bëssi manner wichteg, wéi d’Subventionéierung vun der Elektromobilitéit?”

Déi Ausso huet, wéineg iwwerraschend, fir Protester vun deene Grénge gesuergt. Um Enn vum Debat huet de Premier Luc Frieden ënnerstrach, datt d’Regierung fir een europäescht Liwwerkettegesetz wier, mee deen aktuellen Text géing ze vill juristesch Onkloerheeten enthalen. Et wier och net Lëtzebuerg eleng, dat op der Brems stoe géif, mee eng Majoritéit vun de Länner, dorënner Däitschland a Frankräich, wier net zefridden. Elo soll weider negociéiert ginn

RTL-Artikel: Bréissel: Weiderhi keng Majoritéit fir europäescht Liwwerkettegesetz
RTL-Artikel: Vott iwwer europäescht Liwwerkettegesetz: Jean-Louis Zeien: Regierung dierf historeschen Ament net verpassen

Back to Top
CIM LOGO