
Wéi déi belsch EU-Presidence e Mëttwoch um Kuerznoriichtendéngscht X matgedeelt huet, krut dat geplangt Liwwerkettegesetz net déi néideg Majoritéit.
Dëst soll Entreprisen a Saachen Nohaltegkeet an dem Respekt vu Mënschen- an Aarbechtsrechter responsabiliséieren. Den Text ass ëmstridden. Däitschland zum Beispill fäert ëm d’Kompetitivitéit vun de mëttelstännege Betriber, duerch ze vill Bürokratie.
D’Positioun vu Lëtzebuerg am Dossier schéngt net ganz kloer.
De Jean-Louis Zeien, vun der “Initiative pour un devoir de vigilence”, huet am RTL-Moiesjournal, ënnerstrach, datt d’Regierung dësen historeschen Ament net dierft verpassen, wou et ëm eng Responsabiliséierung vun der Ekonomie am bei de Mënscherechter geet. Als Member vum UN-Mënscherechtsrot wier et ëmsou méi wichteg, datt Lëtzebuerg d’Geleeënheet notzt.
Datt d’Finanzplaz Lëtzebuerg duerch d’Liwwerkettegesetz géif Nodeeler kréien, léisst de Jean-Louis Zeien net gëllen. D’Fongenindustrie wier net méi concernéiert a bei den Holdingen géife jo dann déi nämmlecht Reegelen och op aneren Finanzplazen ewéi Irland, Zypern oder Holland gëllen. Et géifen och nëmmen 218 vun dausenden Holdingen zu Lëtzebuerg ënnert Liwwerkettegesetz falen.
Änlech gesinn dat och d’Europadeputéiert Tilly Metz a Marc Angel.
Sollt et an dëser Legislaturperiod guer net méi zu engem Vott kommen respektiv déi aktuell Propos keng Majoritéit kréien, wier dat fir de Marc Angel de Geck mam EU-Parlament an de Bierger gemaach. Schliisslech wier jorelaang um Dossier geschafft ginn: “Egal ob d’Gesetz elo perfekt ass oder net, et gëtt jo eng Revisiounsklausel. Da kënnen all d’Acteuren, souwuel Zivilgesellschaft awer och d’Industrie an d’Ekonomie soen, wou mir kënnen nobesseren.”
Fir d’Tilly Metz ass et de Choix, ob ee wéilt de Betriber hëllefen, sech un d’Mënscherechter ze halen oder ob ee weiderfuere wëllt, an enger kolonialistescher Logik, wou een d’Mënscherechter an de Produktiounslänner mat Féiss trëppele géing, fir kompetitiv ze bleiwen.
Tëscht 20 an 30 Membere vun der “Initiative pour un devoir de vigilence” hate sech dann och e Mëttwoch de Mëtteg virun der Chamber versammelt, fir ee Liwwerkettegesetz op europäeschem Niveau ze fuerderen. An der Chamber gouf e Mëttwoch dann och iwwert dëst Thema debattéiert.