BGL BNP ParibasBenefice vun 345 Milliounen Euro am Joer 2019, Grupp wëll elo hëllefen

RTL Lëtzebuerg
Dat si 4 Prozent méi wéi nach am Joer virdrun. An dat obschonns déi niddreg Zënsen nawell op d'Margë vun de Banke gedréckt hätten.
BGL BNP Paribas: Benefice vun 345 Milliounen Euro
En Donneschdeg huet d'Bank hir Resultater vun 2019 per Telefonskonferenz presentéiert.

En Donneschdeg huet d'Bank hir Resultater vun 2019 per Telefonskonferenz presentéiert. Dat nodeems d'Generalversammlung schonn à distance ofgehale gouf.

Duerch déi gutt Resultater vun de viregte Jore wier een elo gutt opgestallt, fir der Lëtzebuerger Wirtschaft duerch déi aktuell Kris ze hëllefen, esou d'Direktioun vun der Bank. Virun zéng Joer wier de Banke gehollef ginn an haut wier et un hinnen, ze hëllefen.

Aktuell schaffen eng 800 vun de ronn 2.400 Mataarbechter vun der Bank am Home Office. 700 sinn aktuell an der Dispens a musse prett si fir anzesprangen, sollten anerer ausfalen.

PDF: Offiziellt Schreiwes

Back to Top
CIM LOGO