Schaffe mat Handicap - Serie Inclusioun (3)Betraffener si frou, an engem Atelier protégé eng Aarbechtsplaz fonnt ze hunn

Lynn Cruchten
Mir waren eis d'Atelieren zu Olm an zu Biissen ukucken an hunn och iwwert d'Schwieregkeeten, an der éischter Aarbechtswelt eng Plaz ze fannen, geschwat.

Méi wéi 6.000 Leit, déi zu Lëtzebuerg wunnen a schaffen, hunn de Statut vum Salarié handicapé. Enger rezenter Etüd no si gutt zwee Drëttel am Privatsecteur oder beim Staat agestallt. 29% iwwerdeems hunn eng Plaz an engem sougenannten Atelier protégé.

Schaffe mat Handicap - Serie Inclusioun (3)
Mir waren eis d’Atelieren zu Olm an zu Biissen ukucken an hunn och iwwert d’Schwieregkeeten, an der éischter Aarbechtswelt eng Plaz ze fannen, geschwat.

Esou een Atelier gëtt zum Beispill zu Olm vun der Ligue HMC geréiert. Bei “Fruit Coop” dréint sech alles ronderëm d’Uebst an d’Geméis. An der Ekipp vu ronn 65 Leit, schaffe gutt 50 Persounen am Alter tëscht 18 a 65 Joer, déi de Statut Salarié handicapé hunn. Iwwer eng Formatioun ginn d’Leit evaluéiert, erkläert d’Coordinatrice vu Fruit Coop Nathalie Giersch.

“Fir ze gesinn, wat fir Kompetenzen hu se a wat fir Kompetenzen hu se net. An deementspriechend ginn d’Leit dann an d’Atelieren agedeelt.”

Well awer virop d’Motivatioun zielt, géif och gekuckt ginn, wiem wéi eng Aarbecht gefält. D’Maryse Faber an de Marco Raach zum Beispill schaffen zanter Joren an der Produktioun vun Äppelchipsen. De Marco geet trotz Pensiounsalter nach ëmmer gär schaffen.

Spaass un der Aarbecht hu se och zu Biissen am Atelier protégé vum Tricentaire, wou Schockela hiergestallt gëtt. De Serge Reischel, deen am Rollstull sëtzt, ass hei zoustänneg fir Schockelasnëss ofzeweien. Hien ass dankbar fir seng Aarbechtsplaz.

“Dir musst bedenken, fréier hunn ech um Kräizbierg eng Aarbecht gesicht a si haten net genuch Plaz. An ech si frou, dass ech hei sinn, well si hëllefen de Leit an et mécht mer och Spaass. An d’Leit si frou, wa se Schockela kréien.”

Och d’Yolande Regener schafft zanter 13 Joer an der Chocolaterie. Um éischten Aarbechtsmaart war si och schonn agestallt, mee déi Plaz war net un hir Situatioun adaptéiert.

“Ech si mol frou, dass ech iwwerhaapt eng Aarbecht fonnt hunn an ech sinn och frou hei. Ech hu schonn op enger anerer Aarbecht ugefaangen, mee do war ech net zefridden, well do huet et mer kee Spaass gemaach. An du sinn ech heihinner komm a lo hei mécht et mer awer Spaass.”

Nieft 5 Chocolatiere schaffen an der Schockelasfabrik 22 Leit mat enger Beanträchtegung.

On va avoir des gens, qui ont des difficultés physiques, d’autres plus intellectuelles. Et on essaie d’être le plus inclusif possible et le plus adapté à tout le monde”, sou de Jérôme Colson, Direkter vun den Ateliers du Tricentenaire.

Datt Salariéen aus den Ateliers protégés eng Plaz um éischten Aarbechtsmaart fannen, kéim scho mol vir, wann och méi seelen. Aus den Ekippe bei Fruit Coop hunn zejoert zum Beispill 3 Leit bei e private Patron gewiesselt. Et wieren awer nach Efforten néideg, fir dass nach méi Entreprisen um éischten Aarbechtsmarché Leit mat engem Handicap astellen, heescht et aus dem Secteur.

Dass et nach Baustellen am Beräich Handicap ginn, gëtt och de Familljeminister Max Hahn zou. Ëmmerhi wiere bal 15%, also ronn 100.000 Awunner zu Lëtzebuerg vun enger Behënnerung betraff.

“Dat soll mengen ech eng Motivatioun fir all Eenzelen dobausse sinn, fir Barrièren ofzebauen. Ech denken zum Beispill och un den ‘Assistent à l’inclusion’, wa mer dovu schwätzen, Leit an d’Aarbecht ze kréien. Ech denken un eis Ateliers protégéen. Ech denken awer och drun, fir wa Leit autonom oder semi-autonom mat enger Behënnerung wëlle liewen, och den Encadrement. An dann ee ganz ganz grousse Projet och hei am Haus, dat ass de sougenannte ‘One-Stop-Shop’. Mir wëllen eng zentral Ulafstell schafe fir all d’Leit mat Behënnerung, wou se eigentlech all Informatioune kënne kréien a Berodung kënne kréien.”

Dacks hätte Leit eng Behënnerung, well se un eppes gehënnert géifen, sou de Minister. Hien huet och annoncéiert, datt geschwënn en neien nationalen Aktiounsplang “Handicap” ausgeschafft gëtt. Deen aktuelle leeft am Dezember aus a soll dann Ugangs 2025 ausgewäert ginn.

Serie Inclusioun: Deel 1 mam Abby, dat mat enger rarer Krankheet lieft
Serie Inclusioun: Deel 2 iwwer Jonker mat Autismus an der Beruffswelt

Back to Top
CIM LOGO