Et gëtt geschat, datt zu Lëtzebuerg iwwer 6.500 Leit vun Autismus betraff sinn.

Hautdësdags schwätzt ee vum Autismus-Spektrum. Dat well et ganz ënnerschiddlech Forme vun dëser Entwécklungsstéierung ginn. Op der anerer Säit entwéckelt och all Concernéierte verschidde Kompetenzen. Kompetenzen, déi et ze fërdere gëllt. Am Kader vun eiser Serie iwwer Inclusioun vu Leit mat enger Behënnerung war RTL op Besuch am Service de Formation Professionelle vun der Associatioun "Autisme Luxembourg". Hei gi Jonker, déi esou eng Stéierung hunn, a mat der Schoul fäerdeg sinn, op d'Beruffswelt preparéiert.
 
Dënschdesmoies ass zu Biekerech am Service vun der Beruffsausbildung fir Autiste schaffen ugesot. Déi jonk Fraen a Männer, déi hei an der Formatioun sinn, gehéieren zu deenen, déi net grad esou autonom sinn. D’ASBL Autisme Luxembourg betreit en zweete Grupp zu Useldeng, wou Jonker sinn, déi mi autonom sinn, erkläert de Martin Burgard, de Responsabele vum Service de Formation Professionnelle.
 
"Hei (zu Biekerech) gëtt méi manuell geschafft. Pabeiersaache maachen oder falen a sou weider. Wéi gesot gëtt et zu Useldeng déi méi autonom Grupp. Do sinn da méi déi kognitiv Aufgaben, wéi am IT-Beräich, wéi Info-Media oder Backoffice, wat mer och hunn."
 
Déi Jonk kommen zum Deel aus Kompetenzzenteren oder waren an enger Integratiounsklass an engem reguläre Lycée. Et géif wuel versicht ginn, datt Leit mat enger Autismus-Spektrum-Stéierung sou laang wéi méiglech mat deenen néidegen Hëllefsstellungen an der regulärer Schoul kéinte bleiwen. Mä et misst een och kucken, wat iwwert de Laf vun der Zäit effektiv fir déi Jonk gutt wier, gëtt d’Nathalie Oberweis, pedagogesch Responsabel vun Autisme Luxembourg, ze bedenken.
 
"Ech mengen en Thema, wat een effektiv am Laf vun der schoulescher Karriär oft huet, leider muss ee soen, dat ass och datt Jonker, grad déi ganz vill Kompetenzen och hunn, op eng Kéier Mobbing-Erfarunge maachen, wat fir si wierklech dann net flott ass."

 
D’Beruffsausbildung zu Biekerech dauert 1 bis 3 Joer. Et géif mat all Persoun individuell gekuckt ginn, wéi eng Kompetenze se huet a wéi laang se fir hir Weiderentwécklung bräicht. Dobäi géif net just d’Aarbecht an den Atelieren evaluéiert ginn, mä am Kader vun der Ausbildung géifen och Hygiènes-, Sozial- a Kommunikationstraining um Programm stoen.
 
Inclusioun misst gelieft ginn. Et géif net duergoen, iergendwou just e Label dropzepechen. Et wier e gesellschaftlechen Optrag fir jiddereen ze léieren mat Leit, déi e bëssen "anescht sinn»"ëmzegoen, och an der Fräizäit, seet de Martin Burgard. Anescht si géif net bedeiten, datt een net kapabel fir eppes wier, au contraire. Vereenzelt Jonker mat enger Autismus-Spektrum-Stéierung zum Beispill géife souguer no der Ausbildung um éischten Aarbechtsmarché als Salarié handicapé agestallt ginn. De Gros awer géif spéider an engem Atelier protégé schaffen.
 
Pro Formatiounssite vun Autisme Luxembourg ginn et iwwregens just 10 Plazen ze besetzen. Op der Waardelëscht sti ronn 200 Leit. Deemno wënscht sech d’ASBL Ënnerstëtzung fir d’Offer kënnen auszebauen.