Déi nächst Deeg gi mir an e puer Reportagen op d'Thema vun der Inclusioun vu Leit mat enger Behënnerung an.

En vue vum Event "Alles normal Lëtz celebrate Inclusion", deen dëse Weekend am Forum Geesseknäppchen organiséiert gëtt, huet d'Lynn Cruchten sech am Secteur informéiert. Wat gouf a wa gëtt zu Lëtzebuerg ënnerholl, fir Barrièren ofzebauen, an op wéi engen Niveaue ginn et nach Erausfuerderungen. Mir loosse Leit zu Wuert kommen, déi selwer en Handicap hunn an déi, déi mat Betraffene schaffen. Lass geet et mat engem Beispill aus der Schoul.

Mir sinn an der Ecole internationale Gaston Thorn. Den elektresche Rollstull, deen een do gesäit, gehéiert dem Abby. Dat 14 Joer jonkt Meedchen huet eng bis ewell onbekannt rar Krankheet. Nawell war hatt seng ganz Grondschoulkarriär, bis elo d’zweet Joer Secondaire a reguläre Schoulklassen. Programmer an Hausaufgabe géifen deels u seng Situatioun ugepasst ginn, erzielt eis d'Abby, ma hatt kéint bal alles genee wéi déi aner Schüler matmaachen.
 
"Ech hunn am Fong alles normal matgemaach, ausser ech hat een extra Programm a puer Fächer an hunn halt ni Hausaufgaben, déi ech muss maachen."
 
Den Iwwergang an de Lycée wier net einfach gewiescht. Vill Etablissementer hätten dem Abby seng Demande ofgeleent, well se a punkto Infrastruktur a Personal net u seng Besoinen adaptéiert waren. "Et wollt bal kee Lycée mech hunn, well dat net adaptéiert ass", sou d'Abby.

 
D'Ecole internationale um Geesseknäppchen dogéint huet nieft souwisou integréierte Lifter, kleng Amenagementer gemaach, fir datt d'Abby säin Alldag méiglechst autonom ka gestalten an net nëmmen hatt.
 
D'Martine Wiltzius vun der Ecole internationale Gaston Thorn: "Mir hu méi Kanner mat spezifesche Besoine bei eis an der Schoul an dat fält mol op, mol manner op. Dat heescht, fir eis ass Diversitéit an Inclusioun een Thema, am Sënn vun engem positiven Thema."
 
Ënnerstëtzt gëtt d’Abby am Schoulalldag vu senge Frëndinnen an och reegelméisseg vun enger Assistante en classe. "17 Stonne sinn ech beim Abby, wou ech hatt ënnerstëtzen an och aner Schüler an anere Klassen do ënnerstëtzen, wou se Hëllef brauchen. Wat hinnen net sou gutt geléngt oder wat mer dann zesumme besser hikréien", sou d'Stephanie Raach, Assistante en classe ESEB.

 
Fir d'Inclusioun vu Kanner mat Beanträchtegungen an der regulärer Schoul wieren awer nach Verbesserungen néideg. "Un de gebailechen Infrastrukture géif ech gesinn, dass do nach sou e puer, jo, do kann een nach e puer Schëppen noleeën", seet d'Martine Wiltzius, École internationale Gaston Thorn. D'Stephanie Raach gëtt ze bedenken, datt ee vill méi Personal fir sou vill Schüler, wou an all de Schoule Besoinsschüler sinn, bréicht.
 
An der Gesellschaft géif et iwwerdeems dacks nach u Respekt an Akzeptanz géintiwwer Leit, "déi anescht sinn", feelen. Sou huet och d’Abby an der Vergaangenheet scho mol Mobbing erlieft. Mëttlerweil seet d'Meedche selbstbewosst "Be yourself".
 
"Be yourself. Du muss net maachen, wat déi aner soen. Du muss einfach dech selwer sinn."
 
D’Abby encouragéiert d’Leit, och op et duerzekommen, unzeschwätzen an et kennenzeléieren amplaz just op et ze kucken.