Afrika-ReesBettel a Fayot op Visitt am Niger

Pierre Jans
Zu Niamey am Niger hunn d'Ministere sech d'Resultater vun der Lëtzebuerger Kooperatiounsaarbecht ugekuckt. Eng Erfollegsgeschicht mat Bemolen.
© Pierre Jans

Éischten Dag vun der Afrika-Rees vun der Lëtzebuerger Delegatioun ronderëm de Premier Xavier Bettel an de Wirtschafts- a Kooperatiounsminister Franz Fayot mat engem serréierte Programm an der Sahel-Regioun.

Lëtzebuerger Delegatioun Niger/Reportage Pierre Jans

Nom feierlechen Empfang no der Landung goung et fir déi 38 Käpp staark Delegatioun aus Lëtzebuerg direkt weider op en artisanale Maart.

De Premier Xavier Bettel huet vill Komplimenter gemaach a bei engem Schräiner souguer e Stull geshoppt.

Allerdéngs ass ee prominente Client ze wéineg fir de Maart, deen uganks den 90er Jore mat Lëtzebuerger Kooperatiounshëllef gebaut gouf. D’Handwierker bleiwen op hire Braceleten, Schong, a Portmonnien sëtzen, erkläert de Generalsekretär vum Village Artisanal Ali Rabiou.

D’Covid-Pandemie huet d’Geschäfter vum Maart komplett op Äis geluecht.

D’Pandemie ass awer net eleng Schold, mengt de Kooperatiounsminister Franz Fayot.

Deemools gouf gemengt, d’Touriste géifen déi Saache genuch kafen. Mä dat ass net geschitt. Ech huelen als Hausaufgab mat heem, ze kucken, wéi een eng Filière kéint installéiere fir de Verkaf. Et muss ee kucken, d’Wuer ze exportéieren.

Bis ewell sinn d’Handelsrelatioune schwaach tëscht dem Grand-Duché an dem Niger. D’Echangë leien ënnert enger Millioun Euro.

Ganz aner Zomme fléissen a Projeten am Kader vun der Entwécklungshëllef. Bis 2026 ënnerstëtzt Lëtzebuerg den Niger mat 145 Milliounen. Domat ass d’Republik dat Land, dat am meeschte vun der Lëtzebuerger Kooperatioun profitéiert. Dofir war de Premier Xavier Bettel och vum President Mohamed Bazoum invitéiert ginn.

Ech hat Dir gesot, et géif Saisone ginn, wou et enorm waarm ass hei. Virun allem am Mee. Elo bass Du praktesch am Mee komm. Dat weist, wéi éierlech dat Engagement ass.

43 Grad sinn et ëmmerhin aktuell am Dag zu Niamey. Mä den Niger huet déi Ënnerstëtzung verdéngt, betount de Xavier Bettel.

Ech war virun 20 Joer als jonken Deputéierten hei. Deemools goung et drëms, och méi fir d’Fraen ze maachen. An den Niger huet Projete realiséiert, déi d’Fraerechter stäerken. Dat kann eppes beweegen. De Mohamed Bazoum huet och iwwer d’Marie-Josée Jacobs geschwat, déi virun 30 Joer schonn hei war. Et ass eng laang Kooperatioun. 7 ONGe sinn hei engagéiert. An och de Responsabele vun de Scouten aus dem Niger ass hei.

Den Aliou Oumarou, dee méi wéi houfreg ass, vu Lëtzebuerg finanzéiert Projeten ëmzesetzen.

Mir maache mat Hëllef vun de Lëtzebuerger Scoute Wonner méiglech. Mir schaffen aktuell un engem Projet géint Extremismus a Radikaliséierung, deen 900.000 Dollar kascht. Mir schaffen do mat Jonken an och Fraen.

Dat ass am Aklang Kooperatiounspolitik vun der Regierung: net just mat Defense hëllefen, mä präventiv schaffen. Verhënneren, dass iwwerhaapt jonk Männer sech wéinst Manktem u Perspektiv islamistesche Gruppéierungen uschléissen. E Problem, dee virun allem an den Nopeschlänner akut ass an och den Niger concernéiert.

Back to Top
CIM LOGO