Weekend an der StadPolice mellt Drogenhandel, illegal E-Trottinett, Kläpperei a weider Onrouen

RTL Lëtzebuerg
D'Police hat de Weekend nees vill an der Stad ze dinn, dat ënnert anerem wéinst Drogenhandel, enger illegaler E-Trottinett a weideren Onrouen.
© Laurent Weber

Kuerz no Hallefnuecht e Samschdeg krut d’Police e puer Meldungen iwwert e méiglechen Drogenhandel an engem Betrib op der Stater Gare. Eng Patrull ass direkt op d’Plaz gefuer, wou e verdächtege Mann ugetraff gouf. Eng zweet verdächteg Fra konnt kuerz drop an engem Café an der Géigend gestallt ginn.

Am Kader vun den Iwwerpréiwunge gouf eng kleng Quantitéit Drogen a Boergeld fonnt. Wéinst dem Verdacht op Drogenhandel goufe béid Persoune festgeholl an nach de selwechte Moien engem Untersuchungsriichter virgefouert.

E-Trottinett iwwert der Limitt

Géint 16 Auer e Samschdeg gouf der Police en Accident mat enger E-Trottinett an der Rue de Bonnevoie an der Stad gemellt. Op der Plaz hunn d’Beamten zwee liicht blesséiert Männer ugetraff. Éischten Erkenntnesser no waren déi zwee zesummen op der Trottinett ënnerwee, wéi si d’Kontroll verluer hunn a gefall sinn.

Op Uerder vum Parquet gouf d’E-Trottinett saiséiert. Weider Ermëttlungen hu gewisen, datt d’maximal Vitess vum Gefier däitlech iwwert der gesetzlecher Limitt louch an et gouf e Protokoll erstallt.

Trotz Fuerverbuet ënnerwee

Kuerz no Hallefnuecht e Sonndeg huet eng Policepatrull e verdächtegt Gefier kontrolléiert an dobäi festgestallt, datt géint de Chauffer e Fuerverbuet bestanen huet. Ausserdeem gouf en däitleche Geroch vun Alkohol festgestallt, an en Test war positiv.

Et gouf e provisorescht Fuerverbuet ausgeschwat. Op Uerder vum Parquet gouf d’Gefier saiséiert an et gouf e Protokoll erstallt.

Onrouen an der Stad

Géint 4.20 Auer e Sonndeg goufen d’Policebeamte vum Sécherheetspersonal vun engem Club an der Stad ugeschwat. Eng männlech Persoun hat sech net un d’Hausreegele gehalen.

Bei der Kontroll gouf festgestallt, datt dee betraffene Mann staark alkoholiséiert war. Wéinst sengem Zoustand, an deem hien eng Gefor fir sech selwer an anerer duergestallt huet, gouf hien no enger medezinescher Kontroll an den Arrest bruecht.

Kuerz no 6 Auer koum et zu enger Kläpperei an engem Zuch op der Gare. Op der Plaz hunn d’Beamten dräi Männer ugetraff. Zwee dovu sinn erëm a Sträit geroden, dobäi gouf ee liicht blesséiert. Well zwee vun de Bedeelegte fir d’ëffentlech Uerdnung eng Stéierung duergestallt hunn, goufe si no enger medezinescher Ënnersichung an de Passage-Arrest bruecht.

Kuerz virun 8 Auer gouf der Police op der Place de la Gare an der Stad nach e Mann gemellt, dee staark alkoholiséiert an och aggressiv soll sinn. Beim Asaz huet sech dëst bestätegt a wéinst dem Mann sengem onkooperative Verhalen ass och dës Persoun an den Arrest bruecht ginn.

Back to Top
CIM LOGO