
En Dënschdeg war zu Lëtzebuerg de CEO vun Amazon, den Andy Jassy op Besuch. Nieft Gespréicher am Sëtz vun Amazon zu Lëtzebuerg hat de CEO och eng Entrevue mam Premierminister Bettel um Dagesprogramm. Op LinkedIn huet de Premier eng Rei Fotoe vum Meeting gedeelt, zesumme mam Text:
“Wëllkomm zu Lëtzebuerg, Andy Jassy. Amazon wiisst weider, esou wéi och déi digital Ekonomie vun Europa. Lëtzebuerg ass een zentralen Deel am globalen Network vun Amazon, eng Plaz, op där déi aktuellste Produkter entwéckelt ginn. Merci fir den oppenen Dialog.”
Zu Lëtzebuerg schaffen Dausende Leit fir den Online-Händler Amazon. De Betrib hat eréischt Ufank des Jores annoncéiert, weltwäit eng 27.000 Aarbechtsplazen ze suppriméieren. Ob déi méiglech Auswierkungen dovunner op Lëtzebuerg en Dënschdeg och beschwat goufen, ass bis ewell nach net bekannt.
Op Nofro sot de Staatsministère, dass de Premierminister e ganz konstruktiven Echange mam CEO vun Amazon hat, dee positiv géif stëmmen, datt Amazon, och an Zukunft op d’Stabilitéit an d’Erfarung am Beräich vun der Lëtzebuerger Ekonomie wäert setzen.
