2 Mol koum et an de leschte Wochen zu engem Eclat am Géisdrefer Gemengerot. Fir d'éischt hunn Enn Dezember e puer Gemengeconseilleren de Budget net matgestëmmt an du gouf Ugangs Januar eng Motion de Censure géint d'Buergermeeschtesch an de Schäfferot decidéiert. 5 vun 9 Gemengeleit hate sech fir dëse Mësstrauensvott ausgeschwat.
Déi grouss Ënnerstëtzung vun de Bierger bleift awer aus. Vill Leit stinn nämlech hannert der aktueller Buergermeeschtesch Christa Schmitz a kritiséieren d'Aart a Weis, wéi de Mësstrauensvott, an hiren Aen ouni valabelen an objektive Grond, decidéiert gouf.
D'Jugend aus den 3 Uertschafte vun der Gemeng Géisdref hat an deem Kontext e Sonndeg op e Protest-Fest invitéiert. D'Leit waren opgeruff, Faarf ze bekennen a sech staark ze maachen fir Gerechtegkeet.
Verschidden Awunner aus der Gemeng hunn doriwwer eraus Ënnerschrëfte gesammelt fir e Bréif, mat deem d'Inneministesch iwwert d'Onzefriddenheet vun de Bierger soll opgekläert ginn.
Ee vun den Initiateure vum Petitiounsbréif iwwer de Wielerwëllen.
D'Motion de Censure gouf bei d'Inneministesch geschéckt, wou den Dossier traitéiert gëtt. Nach ass net kloer, ob et zu engem Changement am Géisdrefer Gemengerot kënnt oder net.

