
D'Justizministesch Sam Tanson huet den Deputéierten an der zoustänneger Chamberkommissioun e Freideg Prezisiounen iwwert d'Derogatioune ginn, déi wéinst dem Coronavirus fir eng Rei juristesch Decisioune geholl goufen.
Wärend der Kommissioun ass och d'Thema vun der Gewalt am Stot an der ablécklecher Krisesituatioun opkomm. D'Ministesch an d'Deputéiert ware sech an hirer Aschätzung eens, datt d'Realitéit um Terrain sech wuel net mat de Statistiken den Ament deckt, well et ënnert den aktuellen Ëmstänn méi schwéier ass, fir d'Gewaltdoten ze erfaassen. Verschidden Deputéiert hunn an deem Kontext suggeréiert, datt de Staat Urgence-Solutioune sollt sichen, fir Affer zum Beispill an Hotelszëmmeren noutzelogéieren. Dat dierft an den Ae vun der Justizministesch kee Problem sinn, heescht et um Chambersite. D'Sam Tanson géif sech besonnesch Suerge maachen, datt Abusfäll den Ament net denoncéiert ginn.
Da gouf och driwwer diskutéiert ob d'Justizautoritéiten net envisagéieren, wéi an anere Länner, Prisonéier wéinst der Verbreedung vum Coronavirus fräizeloossen. D'Ministesch huet den Deputéierten assuréiert, datt et kee Risk gëtt, datt et zu Schraasseg zu enger Iwwerbeleeung kënnt. Bis ewell huet sech nach kee Prisonéier mam Covid-19 ugestach.