LIHBis zu 88 verschidde Schuedstoffer an Hoer vu Kanner fonnt

RTL Lëtzebuerg
Am Kader vun enger Etüd vum Lëtzebuerger Institut fir Gesondheet, gouf eng deels grouss Unzuel u chemesche Schuedstoffer an den Hoer vu Kanner fonnt.

Heifir goufen Hoer-Prouwe vun 256 Kanner ënner 13 Joer zu Lëtzebuerg gesammelt an op 153 ënnerschiddlech Verbindungen zu chemesche Produiten ënnersicht. Mat Hëllef vun engem Froebou goufen dës weideren och Informatiounen iwwert de Kanner hir Liewensëmstänn gesammelt, also ob se Hausdéieren hunn, wou se wunnen a wéi se sech ernieren.

Resultat war, dass all Kand am Duerchschnëtt 61 chemesch Verbindungen a sengen Hoer hat. Dobäi goufen tëscht 29 an 88 Schuedstoffer pro Prouf fonnt. Am meeschte virkomm ass Bisphenol A, wat normalerweis fir d’Hierstellung vu Plastik genotzt gëtt.

D’Informatiounen zu de Liewensëmstänn vun de Kanner hate bei der Etüd vill ausgesot: Deemno hat eng méi biologesch Ernierung vun de Kanner och eng méi niddreg Konzentratioun vu 17 Schuedstoffer zur Folleg. Ob Kanner an urbanen oder rurale Gebitter wunnen, hat Afloss op d’Aart vu Schuedstoffer, déi sech an hiren Hoer befannen.
Och gouf festgestallt, dass Chemikalien aus Parasitte-Schutzmëttel virun allem dann an den Hoer vu Kanner fonnt goufen, wa bei de Kanner doheem Hausdéiere liewen.

D’Resultater vun der Etüd goufen an der Zäitschrëft Environment International ënnert dem Titel “Investigating children’s chemical exposome - Description and possible determinants of exposure in the region of Luxembourg based on hair analysis” verëffentlecht.

Luxembourg Institute of Health - Rapport

Back to Top
CIM LOGO