
De bekannte Lëtzebuerger Kleederbuttek Bram kritt wuel en neie Proprietär. Wéi den Online-Magazin ''TextilWirtschaft'' mellt, iwwerhëlt de Stuttgarter Betrib Breuninger dat Münchner Traditiounshaus Konen an d'Lëtzebuerger Schwëster-Entreprise Bram.
Den Deal, iwwert deen zanter enger Zäit scho spekuléiert gëtt, wär nach net offiziell. D'Kontrakter wären awer fäerdeg. Bis e Méindeg sollen d'Mataarbechterinnen an d'Mataarbechter vu Konen informéiert ginn.