CGDISBrand op engem Feld tëschent Schrondweiler a Schieren

RTL Lëtzebuerg
Bei den hëtzegen Temperaturen en Dënschdeg hat et op e puer Plazen uechtert d'Land gebrannt. D'Feiere konnte geläscht ginn an et gouf keng Blesséierter.
© Ketty a Rom Hankes

Op engem Feld um CR346 tëschent Schrondweiler a Schieren haten eng Bottemaschinn an e puer Botte Feier gefaangen. D’Pompjeeë vu Colmer-Schieren, Noumer, Miedernach an der Nordstad waren op der Plaz.

An och um Hierzenhaff zu Bettenduerf waren d’Pompjeeën aus der Nordstad wéinst engem Brand op engem Feld mat Botten am Asaz. Ënnerstëtzt goufe si vun de Pompjeeë vu Bettenduerf, Beefort, Colmer-Bierg, Lëntgen a Reisduerf, grad ewéi der Ambulanz aus der Fiels.

Tëscht Maarnech a Rouderssen stoung géint 18 Auer e Mädrescher a Brand. Hei hunn d’Pompjeeë vu Clierf an Housen d’Feier geläscht.

D’Pompjeeë vu Wäiswampech, Wëntger an Ëlwen goufen da géint 18.20 Auer op e Feld zu Hëpperdang am Kleimillewee geruff, och hei hat et gebrannt.

En Dënschdeg den Owend géint 22 Auer hunn d’Pompjeeë vu Waldbëlleg, der Fiels an Hiefenech missten ausrécken, fir e Feier an engem Bësch zu Waldbëlleg um Nisendall ze läschen.

Iwwerdeem hat et an enger Poubelle tëscht LéifregaBéiwen gebrannt, grad ewéi zu Ënsber an der Gaass.

E Mëttwoch géint 6.30 huet et zu Pëtschent an der Veinerstrooss op engem Feld gebrannt. D’Ambulanz vun Housen, souwéi d’Pompjeeë vu Pëtschent, Tandel, Clierf an der Nordstad waren am Asaz.

Zu Keespelt an der Rue des Près stoung en Daach a Brand. Hei hunn d’Pompjeeë vu Kielen, Mamer a Koplescht geläscht.

Och bei eisen Noperen huet et gebrannt

Zu Tréier hat en Dënschdeg den Owend een Zuch ee Feier ausgeléist, dat tëscht Euren an Trier-West. Wéi d’Stad op Twitter matgedeelt huet, wiere wuel defekt Bremsen den Ausléiser vum Groussasaz gewiescht.

Back to Top
CIM LOGO